Nul n'est prophète...

Vrun zwou Wochen ass den Numm Lëtzebuerg gläich duerch zwee Evenementer an der internationaler Presse present gewiescht: d'Hochzäit an de Vote fir den UNO-Weltsécherheetsrot. Ëmmer wa Lëtzebuerg dobaussen zitéiert gëtt, si mer besonnesch intresséiert. Gutt awer och Schued, mengt d'Christiane Kremer a bezitt sech op en Artikel d'lescht Woch an enger däitscher Zeitung.
Wat war d'Opreegung grouss lescht Woch, wéi déi gréissten däitsch Dageszeitung- déi eigentlech kee keeft, mä jidderee liest- dach tatsächlech eng „geheimnisvolle Schöne“ an der däitscher Televisiounsproduktioun „Rommel“ entdeckt hat an d'Fro gestallt huet: wien ass dat?
Déi jonk Fra mam charmanten Accent ass eng gebierteg Lëtzebuergerin an heescht Vicky Krieps, gëtt een dann, ganz kléng geschriwwen, um Enn gewuer. Dat geet duer, fir datt d'Begeeschterung heiheem grouss ass. Dobäi gëtt et e puer Wuert méi zur Vicky Krieps ze soen. Si ass Schauspillerin, lieft mat hirer klenger Famill zu Berlin an ass d'Enkelin vum fréiere Justizminister Robert Krieps. Iwwregens net dat éischt politescht Enkelkand, dat an der Schauspillerei säi Brout verdéngt. De Jules Werner, dee jo den Ament am „Doudege Wénkel“ de Lëtzebuerger Publikum am Kino begeeschtert, ass och en Nokomme vum fréiere Staatsminister Pierre Werner.
En plus huet d'Vicky Krieps schonn an Hollywood-Filmer, wéi „Anonymous“ vum Roland Emmerich oder „Hannah“ hiren Numm hannerlooss, wann och eemol den Drockfeeler am Ofspann aus Krieps Kreips gemaach hat. An si ass an der Verfilmung vum Bestseller „Die Vermessung der Welt“ grad an den däitsche Kinoen ze gesinn. Dat ouni emol déi vill Engagementer hei am Land ze vergiessen op Theaterbühnen an a Filmproduktiounen.
Alles dat kann ee wëssen, muss een net wëssen, dat stëmmt. Besonnesch wann een net souvill an de Kino oder den Theater geet oder Tatort kuckt, och do war déi jonk Schauspillerin schonn am Asaz. Geschriwwen a geschwat gouf iwwer si scho méi dacks an der Lëtzebuerger Press.
Mä anscheinend spillt dat keng Haaptroll! Eréischt wann d'Natiounen op den zwou Säite vun der Musel an d'Bild gesat ginn, schéngt ee geadelt genuch ze sinn fir als grousst Talent ze gëllen a Kariär ze maachen.
Dozou passt dann alt nees dat gutt alt Sprachwuert... Dir wësst schonn.