D'Äppel sinn dobannen - déi puer déi et dëst Joer gouf -, d'Vizfester erduerch an bis op e puer faul Bëtz ass de Rescht agemaach a Fläschen. Déi eenzeg Äppel, déi een elo nach begéint, sinn déi aus de Märecher – an déi hunn zum Schluss vum Joer traditionell Héichkonjunktur.

Sou sinn et beim Schneewittchen virun allem déi Jonk, déi d'Prinzessi virun deem vergëften Apel wëlle retten, wou géint déi méi Al vun eis sech ëmmer erëm gäre vum ugebassenen Apel verféiere loossen. A wier dëse Logo als Hommage un den Alan Turing net schonns laang un den aktuell erfollegräichste Betrib op der Welt verginn, da géif en am Moment och gutt bei der Regierung hire roude Léiw passen.

Vu vir eran ass kloer, wien an dëse sauren Apel bäisse muss – nämlech d'Vollek – also mir – a fir eng Kéier ass et sou guer egal, ob ee wahlberechtegt ass oder net. Manner kloer ass d'Fro, wéi laang dësen Apel da schonns vergëft ass. Wor dat elo schonns viru sengem Depot an der Chamber de Fall oder awer eréischt, nodeems sech d'Fraktiounen zu Wuert gemellt hunn. Et ginn och Stëmmen, déi sech drop behaapten, dësen Apel wier nach vum viregten Hierscht – also well laang net méi sauer, dofir awer duerch an duerch muedebëtzeg. Et ass och net deen eenzeg faulen Apel: Vum Avortement-Gesetz bis hin zum Zentralstaat sengem Defizit schéngt et, mir hätten eng ganz Këscht där fauler Bätz. Egal wéi ännert dat net vill um Resultat: en 'connaissance de cause' – wéi dat sou schéin heescht – wëll an dës Äppel fräiwëlleg jiddefalls kee méi bäissen.

Sou einfach wéi beim Schneewittchen ass et awer och net: Wär bei de Gebridder Grimm kloer, wie gutt a béis ass, sou kann et dat bei eiser lëtzebuergescher Versioun net méi sou kloer ënnerscheeden. Net gewosst ass ënnert anerem, ob ee vun dësem Apel wierklech stierft oder ob et engem just fatzeg schlecht gëtt. Weiderhin ass net kloer, wien als Zwergen a Fro kënnt a wat déi da géifen notraueren. Wat de Prënz ubelaangt, sou ass just gewosst, datt dësen, wann iwwerhaapt, eréischt kënnt, wann der Hex hir Muecht a Fro gestallt ass, also fréistens 2014. Woumatter just der Hex hire Profil méi oder manner kloer wier.

A wie keng Loscht huet, Märecher erzielt ze kréien, deen huet vläicht Zäit, eppes ze liesen: Zum Beispill den Hoimar vun Ditfurth, deen net fir näischt schonns virun 30 Joer gemengt huet, et wier erëm un der Zäit, en Äppelbam ze planzen – ass erëm aktuell wéi Fukushima a Sandy weisen.