Léiwe Kleeschen ...

An engem knappe Mount ass Niklosdag. A wéini setze mer dann elo eise Schong? De Gibbes Bertolo mat e puer verfréite Kleeserchersgedanken …
Ech ka mech nach ganz genee erënneren, wéi dat deemools war: déi Virfreed, déi Spannung, jo: och dat ongutt Gefill am Bauch, ob dann net awer eng Rutt nieft dem Teller kéint leien. Eng Nuecht mat relativ wéineg Schlof an da moies virum Wecker aus de Plomme fir an aller Herrgottsfréi kënnen d'Luucht an der Stuff unzeknipsen an z'entdecken, wat nieft Marzipan, Mandarinnen an Nëss dann nach sou alles um Dësch opgeriicht gouf.
Meng Eltere ware ganz strikt: de Schong oder d'Schlapp huet eréischt 1 Woch virum groussen Dag dierfte virun d'Kummerdier gestallt ginn. Virdru war Niklosdag zwar keen Tabu, awer och keen Thema. Alles zu senger Zäit, wat viru ronn 4 Joerzéngten och nach net komplizéiert war. Den Zinniklos war nach net all Dag an engem anere Buttek, d'Bréifkëscht nach net voll getässelt mat Spillsaachendeplianten, an och mat Facebook an Twitter hat dee gudde Mann näischt um Hut.
Bon, d'Zäiten änneren – dat ass normal, dat ass OK. Mä wéini ass dann elo deen idealen Zäitpunkt, fir Grouss a Kleng op de 6. Dezember anzestëmmen? Direkt no Halloween? Oder einfach vun haut un, wou et jo nach genee 4 Woche sinn? Ass dat nach ze fréi?
All Joers déiselwecht Diskussioun. Ob dat Niklosdag ass, oder Chrëschtdag, Fuesend, Ouschteren … Ee Fest oder anescht formuléiert: ee kommerziellen Highlight jot deen aneren, ob mer wëllen oder net. Nach iwwerschneiden se sech net, mä och dat kéint nëmmen nach eng Fro vun der Zäit sinn.
Nach 28 mol gi mer schlofen, an 2 Wochen duerno geet d'Welt souwisou ënner. An iwwerhaapt: no all deene Wochen a Méint a Gesellschaft vum Krisen-Houseker kann dee mam wäisse Baart a gëlle Buch vu mir aus och mol ze fréi kommen. D'Virfreed ass jo déi schéinste Freed, a wat se méi laang dauert, wat besser. Firwat sech also grouss opreegen?
Just eppes huet mech virun e puer Woche baschte gedoen. Ech war mam Auto am Land ënnerwee an hunn op eemol mengen Aen net wollten trauen. Do houng dach net ënnert enger Fënster vun engem Reienhaus e Kloterkleeschen un der Fassade. An dat matzen am Oktober. Mëttlerweil koum awer d'Entwarnung: ech si gewuer ginn, datt dee Kärel schonn zanter Dezember 2011 do ronderëm geeschtert ...
