Rieden, déi ni gehal goufen

Da soll nach ee soen, d'Amerikaner interesséiere sech net fir Europa. Während hirem Walkampf war oft vu Griichenland riets, an dem Risiko, och fir d'USA, ee gudden Dag d'Scholden net méi bezuelen ze kënnen. Elo, wou de President Obama mat komfortabeler Majoritéit erëmgewielt ginn ass, interesséieren eenzel Amerikaner sech fir een anert europäescht Land, an zwar Lëtzebuerg ... ee westlecht Land, wou ee Schwaarze säit Jorzéngten einfach net ofgewielt gëtt, fir republikanesch Strategen eng Horrorvirstellung!
De Mitt Romney konnt a wollt sech sou eng Situatioun net ausmolen, an hat fir de Walowend dofir och ganz einfach nëmmen ee Speech virbereet : dee vum Gewënner. Schued eigentlech, dass mer dee lo ni ze héiere kréien. Genee sou wéineg deen, deen den Obama sech opgeschriwwen hat, fir de Fall, wou e verluer hätt. Sou wäerte mer ni wësse, wat eis erspuert blouf.
Hunn déi Rieden, déi ni gehal goufen, et net genee sou verdéngt, an d'Geschicht anzegoen, wéi déi aner? Seet et net méi iwwert ee Politiker, oder villméi säi Riedeschreiwer aus, wat e gesot hätt, wann d'Saach schif gaange wär, ewéi wann de Plang opgeet ? A wat muss dat een drolegt Gefill sinn, wann ee sech dat ondenkbart virstelle muss, fir am Fall vum Fall awer nach eng passend Ried bereet ze hunn. Ech gesi schonn dem Obama seng Assistenten e puer Deeg virun de Walen Enne schielen, traureg Filmer kucken, a kräischen, just fir sech a Stëmmung ze brénge fir deen Text ze schreiwe wou en erklärt hätt, dass de Romney ee ganz uerdentleche President géif ginn.
Wat mech och nach interesséiert ass awer dat hei : wat gëtt et bei eis eigentlech sou vu Rieden, déi iergendwou am Tirang leien, just fir de Fall vum Fall. Soe mer, wann den Euro ee gudden Dag ausernee brieche géif, oder Cattenom explodéiert, muss dann d'Ried réischt geschriwwe ginn, oder ass déi scho virbereet ? Richteg, déi brauche mer net, dat wäert ni geschéien. Dat haten sech dem Romney seng Leitoch gesot ... Um Schluss hu se sech dunn awer nach eng aus dem Aarm gerëselt, 5 Minutte, Clichéen a Platituden. Eppes, wat een zu Lëtzebuerg mat Sécherheet net mol an deene Rieden erëmfanne géif, déi ni gehal goufen.