Philosophesch Bicherdeeg

Mengt Dir nach oder denkt Dir schonns? Wien nach ëmmer mengt, Denke wier eppes fir den Elfebeentuerm, wou - dem Cliché no - e puer kuuschteg Philosophen zesumme mat Joerdausenden alen Spawecken sech selwer an d'Welt ëmmer erëm a Fro stellen, deen ass gutt beroden, emol e Bléck an de Programm vun de "Walfer Bicherdeeg Editioun 2012" ze werfen. Dëst nationaalt Kulturevenement – mat enger Wierkung wäit iwwert d'Groussregioun eraus - stellt sech dëst Joer ënnert d'Thema vun der Philosophie. Wann Dir elo mengt, sou eng komplex Affaire wier eenzeg an eleng eng Saach vun a fir Spezialisten, dann denkt mol un d'Bestsellerlëschten aus de leschte Joren - ëmmer méi philosophesch Literatur riicht sech un de Mann an d'Fra vun der Strooss. Wuelverstan ginn et nach ëmmer Spezialisten – mä dat engt schléisst dat anert awer well laang net méi aus.
Ënnert deem Motto steet och den 1. nationalen Dag vun der Philosophie, deen iwwermuer am Kader vun den Bicherdeeg stattfënnt. Déi philosophesch Fakultéit vun der Uni Lëtzebuerg wéi och déi national Programmkommissioun vun der Philosophie am Secondaire presentéieren der interesséierter Ëffentlechkeet eng Rei Gedanken zu aktuellen Themen - jiddereen ass wëllkomm! Virun allem d'Table ronde iwwert déi sozial Gerechtegkeet an déi politesch Bedeelegung am Kontext vun der aktueller Wirtschaftskris versprécht, interessant ze ginn.
Keng Zäit? Da kann en alternativ och e Bléck an d'Anthologie vun de Bicherdeeg werfen: An engem neie Layout soll de Lieser d'Freed um Denken entdecken, souwuel mat Texter iwwert Philosophie a Philosophesches wéi och duerch d'Biller vum Fotograf Raymond Clement.
Nieft dem Liesen, Schreiwen a Rechnen kennt de Mënsch nach eng weider fundamental Kulturtechnik: an zwar déi vum Denken respektiv Philosophéieren. Dir mengt, dat wier näischt fir Iech? Dir hätt dat well laang net méi probéiert oder mengt ieren, aus soss engem Grond aus der Übung ze sinn?
Dir kënnt jo nach bis de Weekend driwwer nodenken an dann einfach op d'Walfer Bicherdeeg laanscht luusse kommen – et ass sécher derwäert; an dat net nëmmen als Iddi!