Dës lescht wéi ech hei op der Antenne Traficinformatioune gemaach hunn, krut ech eng SMS eran datt ech soll w.e.g. duerchginn den Tyrettesystem unzewenden...

Et kommen awer och regelméisseg Messagen eran wou et heescht d'Niwwelluuchten just do unzemaache wou et néideg ass, oder och d'Luuchten umaache wann et reent asw... ech kéint lo hei nach 100 aner Beispiller opzielen... Kloer-heiansdo si mir hei am Traffikstudio 'Blitzableiter'... d'Autofuerer beschwéiere sech wann et iergendwou net rullt an d'Leit ze spéit op d'Schaff oder heem kommen...

Mä, de Stroosseverkéier ass eben esou eng Saach: All Mënsch wëll um séierste Wee vun A op B, dat ass
esou... mä... dat geet leider net ëmmer.

Et géing scho bestëmmt e bësselche besser wa mer alleguer e bëssche Rücksicht op eis Matautofuerer
géingen huelen.

Dozou gehéiert dann och z.B. den Tirettesystem, et rullt méi fléissend wa jiddereen dertëscht een eraléisst wéi stur ze sinn a sou e Stau ze provozéieren.

Et ass och héiflech d'Pharen auszemaachen wann een entgéint kënnt oder och d'Niwwelluuchte wann ech no vrun oder hannert engem aneren Gefier fueren.

De Winker rausmaachen ass och esou eng Saach: heiansdo kéint ee menge bei verschidde Modeller wär guer kee mat agebaut ginn.

De Foussgänger um Zebrasträife gëtt och oft iwwersinn, geféierlech gëtt dat fir deen op den zwee
Been, net fir den Autofuerer... och de Foussgänger ka sech erkenntlech weise wann en dann iwwert d'Strooss gelooss gëtt.. a vläicht mat engem klenge Wenk oder engem Laache Merci soen...

Et ass hei bal net un en Enn ze kommen: Och an Zukunft wäerte leider Accidenter, Stauen, Pannen asw op de Lëtzebuerger Stroossen net ausbleiwen.

Mä jidder Automobilist kann awer säin Deel derzou bäidroen, fir dee ganze Verkéier méi secher oder op
d'mannst net esou aggressiv ze maachen... firwat net mol deem Autofuerer en Zeeche man dee mech eraléisst.. oder vläicht e Laachen... et wär bestemmt mol e Gedanke wäert...

An deem Sënn: Bonne route;)