mier schraiwen lözebojesch ...

Dëse Sonndeg ass nees déi grouss RTL Dictée. Eng gutt Geleeënheet, fir sech selwer ze testen, ob een et dann nach mat de Sproochen sou drop huet, virun allem och mam Lëtzebuergeschen. Apropos, Gibbes Bertolo:
„Ech hunn ni richteg geléiert, Lëtzebuergesch schreiwen.“ Dee Saz héiert een ëmmer nees, wann een d'Leit op kleng awer reng Feeler an hirer Schreifweis opmierksam mécht. An dat kann een hinnen och net falsch maachen. D'Diskussioun, ob sech dann elo an eiser Schoul wierklech net genuch ëm eis Sprooch gekëmmert gouf a gëtt, wëll ech op dëser Plaz och guer net lass trëppelen.
Musse mer dann iwwerhaapt esou vill Wäert op dat geschriwwent Lëtzebuergescht leeën? Eis Dageszeitungen, Kontosextraiten, Gebrauchsuweisungen oder CITA-Warnunge loossen sech och esou liesen, a wann da mol eppes an der Sprooch vum Dicks sollt ënnert de Brëll kommen: mir gi schonn eens. Obwuel: deen een oder aneren SMS vun engem jonke Kolleg op „luxy“ ass dacks beim beschte Wëllen net z'entzifferen. Mä dat huet vläicht och mam Alter ze dinn …
E klenge Réckbléck: 1975 gouf, via ministeriellen Arrêté eng eenheetlech Orthographie agefouert, am Juli 99 ass déi offiziell Lëtzebuerger Schreifweis reforméiert ginn. Et existéieren also kloer Regelen, un déi ee sech hale kann, wann engem „hale soll“ oder „hale muss“ ieren ze pedantesch virkënnt. Mä ech fannen, datt déi Zäiten, wou jidderee a sengem Eck koschtert a mécht, wéi e wëll, resp. schreift, wéi de Mond ëm gewuess ass, eriwwer sinn. E klengen Effort misst jo awer dra sinn. Zemools an Zäiten, wou de Spellchecker, dee jo permanent adaptéiert a weiderentwéckelt gëtt, ëmmer méi Schreifprogrammer begleet an ënnerstëtzt, wann een et dann och wëll.
Jo, ech ginn et zou: och ech hu laang gebraucht, fir déi praktesch a séier Hëllef unzehuelen a vrun allem fir al-agesiesse Reflexer opzeginn a mech mat enger neier Gewunnecht vertraut ze maachen. An et deet mer haut net Leed.
Aus Feeler léiert een, oder vum Fale léiert ee goen, no risk, no fun … a wat et net nach alles esou u clevere Spréch gëtt. Wann ieren nach ee gewësse Beréierungsängscht sollt hunn: dacks kënnt den Appetit jo iwwert dem Iessen - leet de Bic einfach mol prett fir e Sonndeg. Et gëtt e flotten Test a vläicht och e gudden, e neien Ufank fir sech u propper-geschriwwent Lëtzebuergescht ze winnen. Oder et op d'mannst mol auszeprobéieren.
Eis Sprooch huet dat verdéngt. An nach méi deen, dee se liest.
