Wann ech lo scho misst ee Pronostique maache fir den Hit vum Joer, da wär et Gangnam Style vum koreanesche Rapper Psy. Op d'mannst um Internet huet dat Lidd all Rekorder gebrach. Mëttlerweil si mer op ronn 750 Millioune Views, an iwwer 1.000 Videoen, déi mat deem Numm am Titel eropgeluede goufen: Remaken, Parodien, Kommentaren. D'Lidd ass säit Juli op Youtube, an den Héichpunkt huet d'Hysterie, op d'mannst um Internet, wuel ëm den 20. September erreecht. Wouhier ech dat weess? Well deen Dag d'Godwin's Law eng nei Uwendung fonnt huet.

Laut dem Auteur Mike Godwin geet d'Warscheinlechkeet, dass bei enger Diskussioun um Internet eng Nazi- oder Hitler-Analogie an de Raum gehäit gëtt, wat d'Diskussioun méi laang gëtt, géint 1. An anere Wieder: Wann ee just laang genuch diskutéiert, kënnt fréier oder spéider ëmmer een Topert mam Hitler geschäert. Interessanterweis applizéiert sech dat Gesetz net nëmmen um Internet, mä och op Comptoirsgespréich, besonnesch bei méi kontroverse Sujeten, wéi zum Beispill dem Fëmmverbuet. De Moment, wou d'Gesetz spillt, weess een dann och, dass all rationell Argumenter opgebraucht sinn, an d'Diskussioun de facto eriwwer ass.

Wéi de Gangnam-Phänomen elo weist, bezitt sech d'Validitéit vun der Godwin's Law, net eleng méi op Diskussiounen, mä allgemeng op all Zort vun Hype. Zwëschent dem 16. an dem 21. September goufe 4 Videoen op Youtube eropgelueden, wou Zeenen aus dem Film "Der Untergang" sou zesummegeschnidden an ofgemëscht goufen, dass dorausser eng nei, particulièrement geschmaachvoll Variant vum Welthit entstanen ass. Den Hype hat säin Héichpunkt erreecht. Mat der Opreegung iwwer den iPhone 5 a seng vermuerkste Kaarte war et net anescht. Den 12. September ass den Telefon virgestallt ginn. Den 23. September gouf et ee Video, wou den Hitler sech driwwer opreegt.

Et ass iwwregens interessant, dass vun alle Massemäerder an Diktatore just den Hitler de Statut vun der global Popikon erreecht huet. Den Equivalent vun der Godwin's Law wat de Stalin, de Pol Pot, de Saddam oder den Osama betrëfft, konnt bis ewell nach net nogewise ginn ...