Dat 11. Gebot

Den 9. November 2012 wäert an d'Geschicht agoen als deen Dag, wou vill Leit hiert Privatliewe grëndlech iwwerduecht hunn. Et ass deen Dag, wou den David Petraeus, Chef vun der CIA, zeréckgetrueden ass, well en e puer Méint virdrun eng Affär hat. De Mann war friem gaang an zwar net mat enger Friemer, mä mat enger Madame, déi hie gutt kannt huet, ëmmerhi war et seng Biografin. Wa souguer de Chef vun der CIA et net fäerdeg bréngt, säi Privatliewe privat ze halen, wie kann dann iwwerhaapt nach domatter rechnen, net erwëscht ze ginn, wann en et mat der Monogamie net sou genee hëlt?
Wann d'Statistik stëmmt, geet bei ronn engem Drëttel vun alle Koppelen op d'mannst een deem aner alt mol friem, an dat net nëmmen an der Friemt. De grousse Feeler vum Petraeus kann deemno net gewiescht sinn, dass och hien allem resistéiere konnt, ausser der Tentatioun, mä villméi, dass en dat 11. Gebot net respektéiert huet: Looss dech net erwëschen. Grad an der Spionagebranche ass dat eng Faute grave.
D'Ironie an där Geschicht ass allerdéngs nach eng ganz aner: D'Geschicht ass opgeflunn, well d'Fra, mat där hir friemgoung, an déi à cette fin hirem eegene Mann friemgoung, de Verdacht hat, hie kéint hir mat enger Drëtter friemgoen, an huet där doropshi béis Maile geschéckt. Déi ass du bei ee Kolleg klape gaang, deen se kannt huet, well hien - wéi et schéngt - nawell gär mat hir friemgaange wär, woufir en hir dann och Fotoe geschéckt hat, wou en Torse nu drop ass, allerdéngs ouni vill Succès, well déi Madame zu deem Zäitpunkt eng Affär mat engem aner hat, och net hire Mann, mä dat deet hei näischt zur Saach, just eben dass de Kolleg, ëm deen et hei geet, beim FBI schafft, an dofir konnt där éischter hir E-Maile liese goen, an domatter och déi vun hirem Ex-Amant, dem Chef vun der CIA.
Den FBI liest also der CIA hir Maile wéinst eng Geschicht, déi nach net mol als Dréibuch fir eng Soapopera duerchgoe géif, an da wonnere mir eis, wann et am Dossier Bommeleeër, mëttlerweil och eng Zort Soapopera, heescht, d'Sûreté hätt der Gendarmerie hiren Telefon ofgelauschtert. Mä fir zréck bei d'Thema ze komme, weist d'Affär Petraeus virun allem eppes: Wien eng Affär huet a sech drop verléisst, dass een, deem am Glashaus sëtzt, keng Steng geheit, kéint mol séier verlooss do stoen ...