Dik- Dik- Tat!

Et muss net ëmmer e Casting sinn, bei deem ee matmécht oder mat ziddert. Et muss net ëmmer e Match sinn oder eng Course, bei deem ee seng Equipe oder seng Sportler ufeiert; et muss net dat ultimativt Spill um Computer sinn oder déi neist Spillerei um Smartphone; nee et ass och nach méiglech mat enger ganz klassescher, scho bal banaler Aktivitéit an Zäite vun héichperformanten Technologien, Leit ze bewegen an ze motivéieren.
Wat een dofir brauch: 2 Stonnen Zäit, gutt trainéiert Fangeren an e waakregt Gehir. A schonn ass een e puer Joerzéngte méi jonk a fillt sech wéi an der Schoul. Dat ka jo, jee nodeem, e gutt oder e schlecht Gefill sinn, hänkt dervun of, ob ee gär un déi Zäit zeréckdenkt oder léiwer net. Dir wësst op wat ech eraus wëll, op d'RTL-Dictée, déi gëschter fir d'17te Kéier war an déi- wien hätt dat geduecht e Rekord gebrach huet.
Sou vill Fräiwëlleger waren nach ni bereet sech Sonndes Moies ze deplacéiere fir sech mat Bic a Blat ausgerüst, vun 3 Männer op der Bühn diktéieren ze loossen, wat op d'Blieder ze schreiwe war a sech duerno och nach soen ze loossen, wou se wat fir eng Feeler gemaach hunn. Eigentlech net grad de Wee am moderne Qualitéitsmanagement, wou ee jo fir d'éischt emol kloer definéiert, wat u Wëssen schonn emol do ass, ier een op dat ageet, wat nach ka weiderentwéckelt ginn. An dach schonn eleng de Fait, datt iwwer 160 Leit zu Walfer am Zelt, an iwwer 1000 doheem am Internet-Lifestream gezielt goufen, ouni all déi aner virum Radio ze vergiessen; ass eng intressant Basis a weist, datt Jonk an Al, Mann a Fra, Studéiert oder net, sech tatsächlech nach kënne begeeschtere fir hiert orthographescht a grammatescht Wëssen ze testen.
Wéini soss kritt schonn de Professer applaudéiert, wann e säin Diktat virliest?
Wat ass méi einfach, déi schwéier franséisch Accorden oder déi nei däitsch Rechtschreibung? Oder ass et d'Erausfuerderung dach endlech emol déi Sprooch, déi mer am Alldag schwätzen, richteg schreiwe léieren; wat an der Schoul jo quasi ni geschitt ass?
D'Äntwerten si wuel fir jiddereen anescht- d'Begeeschterung fir jiddereen d'selwecht.
Derbäi sinn war alles! Da bis nächst Joer!