upcycl'art

Hu Der haut schonns eppes ewech geworf – also Dreck gemaach? Egal ob e Kaffisbecher oder eng Croissant-Tut – domadder gehéiert der, gewollt oder ongewollt, zum Club vun den 10 Milliounen: an zwar deenen 10 Milliounen Tonnen Dreck, déi de Mënsch all Dag weltwäit produzéiert. Jo, dir huet richteg héieren: 10 Milliounen Tonnen Offall all Dag.
E groussen Deel dovunner gëtt recycléiert - dat ass gutt fir eist Gewëssen, awer nach laang net fir eis Ëmwelt. Am Recyclage gëtt den Offall haaptsächlech kleng gemaach, futti geschloen, fir dorausser Energie an enger Verbrennungsanlag ze maachen. Aus deem Grond importéieren eis däitsch Nopere souguer Dreck – 20 Milliounen Tonnen d'Joer.
Wëll en awer d'Ëmwelt manner belaaschten, dann hëlleft et net vill, den Knascht z'eliminéieren. Wat mer brauchen, ass en Up-cycling, also aus deem, wat mer ewech werfen, nei a méi wäertvoll Produkter ze maachen.
Dës Iddi, datt et - wéi an der Natur - och am Mënsch senger Ëmwelt keen Offall méi soll ginn, ass net nei. Spéitstens zënter 1990 wiisst de Fanclub vum 'cradle to cradle', engem Konzept, wou de Mënsch ouni Offall, ouni Verzicht an ouni Aschränkung liewe kann, andeems zyklesch déi richteg Materialien zur richteger Zäit op der richteger Plaz agesat ginn. Resultat: eng besser Qualitéit. De geeschtege Papp, de Michael Braungart, gëtt net fir näischt schonns joerelaang international als Held vun der Ëmwelt gefeiert. D'lescht Woch war hien hei zu Lëtzebuerg, fir dat éischt Bürosgebai anzeweien, dat ganz ouni fossil Energie auskënnt. Do dernieft konnt en och nach bewonneren, wéi en Deel vum Bauschutt opgewäert gouf – also de Prozess vum upcycling duerchgemaach huet. 7 Kënschtler hu sech dem Dreck ugeholl an d'Resultat heescht upcycl'art – eng Ausstellung, déi eng Méiglechkeet weist, wéi mer eisen Dreck opwäerte kënnen – an zwar als Konscht; ze besiche bis den 25. November.
Wat bleift, ass e wäite Wee: Engersäits bis den Dreck net méi zu eiser wirtschaftlecher Logik gehéiert an anersäits bis mir all bereet sinn, an eisem eegene Knascht ze wunnen, also dësen nom upcycling an d'Stuff ze stellen!