wann een trotzdem laacht, seet jo d'Sprachwuert. Humor ass awer nach e bëssche méi, zemools an dëse méi groen Zäiten, mengt de Gibbes Bertolo ...

Et kann a soll ee jo keen zu eppes zwéngen, och net zu sengem Gléck. Awer heiansdo kënnt et mer vir, wéi wa verschiddene Leit et batternéideg hätten. Et sinn déi Matmënschen, déi alles am Liewen doudeescht huelen an och deementspriechend gestempelt duerch d'Liewe lafen.

Jo, ebe grad dat Liewen ass effektiv net ëmmer fir ze laachen. Ech kennen och keen, deen all Moie mat engem „smiley“ aus ëm Bett fält a permanent an iwwerall gutt Laun verbreet. A scho guer net matzen am November an och nach a Krisenzäiten, wéi mer se elo schonn zanter ville Méint mat ronderëm schleefen. Esou gesi kann ee kengem de Grant an d'Geknouters verdenken – alles a Moosse wuelverstanen.

Mä just an deene méi desagréabele Momenter sollt ee sech vläit nees op déi al Taktik besënnen, déi do behaapt, datt ugräifen ëmmer nach déi bescht Defense ass. Kommt, mir huelen et mat Humor. Humor ass ëmmer nach en adequat Mëttel fir déi kleng a grouss Boboen an Erausfuerderunge vum Alldag mat Geloossenheet ze meeschteren. Humor ass en Talent, en Don, Humor huet een anscheinend oder och net. Dat ka sinn, muss awer net esou bleiwen. Humor kann ee jo och mol entdecken, zouloossen, schmaachen. Och wann d'Saach mat „les goûts et les couleurs ...“ absënns an dësem Fall den Nol op de Kapp trëfft.

Ech gleewen net drun, datt et anscheinend Leit gëtt, déi null Humor hunn. Entweder ass e gutt verstoppt oder en huet de Wee fir eraus nach net fonnt. Do kéint eng Grëtz Praxis hëllefen, sief dat déi deeglech Dosis Déckkäpp oder eng méi oder manner komplizéiert Turnübung: sech selwer op den Aarm huelen. Well wien iwwert sech selwer laache kann huet bei senge Matmënschen ëmmer e Steen am Briet. Net fir näischt gëtt, wa Leit no hire Preferenzen a Saache männlech a weiblech Eegeschafte gefrot ginn, den Humor bal ëmmer als éischt zitéiert.

Apropos Zitat: De Joachim Ringelnatz sot mol eng Kéier: „Humor ass dee Knapp, dee verhënnert, datt eis de Kolli platzt.“

Domm gaange fir all déi mam Rollkollpullover ...

AUDIO: Apropos
RTL