Verdéngen eis Politiker ze vill?

Wat waren dat rëm witzeg Comptoirsgespréicher déi lescht Wochen, eis Deputéiert an hiren 13. Mount, eise Politiker hir Peien. Dobäi ass et sou einfach: Alles huet säi Präis, souguer der Dout, well dee kascht d'Liewen. A wat näischt kascht, ass näischt. Souwäit si mer eis eens. Firwat sollt dat also net och an der Politik gëllen?
Ech soen net, dass eis Ministeren an Deputéiert schlecht verdéngen. Ech stelle just fest, an aller Objektivitéit, dass et an aner Beruffer fir gutt Leit genuch Méiglechkeete gëtt, méi diskret vill méi ze verdéngen. An enger Demokratie ass et nun emol esou, dass d'Vollek genee déi Deputéiert a Minister kritt, déi et verdéngt. Ob vun deene jidderee verdéngt, wat e kritt, sief dohi gestallt. Sécher ass awer dat hei: Wien an engem aner Beruff richteg gutt ass, an dofir do och richteg gutt verdéngt, huet wéineg Motivatioun an d'Politik ze goen. Souguer d'Protex muss d'Benevole bezuelen, dass déi benevole bleiwen ... firwat erwaarde mer also, dass grad an der Politik den Hues sollt anescht lafen?
Wa mer Politiker wëllen, déi besser sinn wéi den Duerchschnëtt vun hire Wieler – méi kompetent op alle Gebidder, méi fläisseg am Beruff, a méi helleg am Privatliewen –, firwat gënne mer hinnen dann net och méi an der Pei? Well kucke mer wéi et ass: De Beruff vum Politiker, wann en dann uerdentlech gemaach gëtt, ass kee Kannergebuertsdag. Vun den onméiglechen Aarbechtszäiten an den onbezuelten Iwwerstonne guer net ze schwätzen.
Ass et also normal, dass ee Minister manner verdéngt wéi munch een Zänndokter, Direkter vun enger Entreprise oder Associé vun enger Affekotenetude? A lo komm keen a so, de Problem wär genee ëmgedréint, déi géifen all ze vill verdéngen. Déi Logik haten se d'lescht Jordausend am Ostblock probéiert ëmzesetzen, d'Experiment ass ënnert dem Numm Kommunismus gelaf an huet net wierklech fonctionnéiert.
De Regierungschef vu Singapur verdéngt iwwregens eng 3 Milliounen Dollar d'Joer. Dee Mann ka mat Suen ëmgoen. Hire Budget ass, matten an der Kris, mat iwwert enger Milliard am Plus ...