E Bléck op d'Auer ...

Et gëtt se schonn zanter dem 15. Jorhonnert a si begleet eis quasi all Dag vu moies bis owes. Wa mer se dann och undoen, eis Aarmbandauer.
Meng alleréischt krut ech, wéi wuel ganz vill anerer och, fir Kommioun. Deemools war se mer nach ze grouss a schwéier, haut hunn ech se net méi. Dofir awer dräi anerer. Eng fir all Dag, eng fir Sonndes an nach eng fir … den Noutfall oder wann déi zwou aner mer op de Wecker ginn.
Laang war et jo eng éischter weiblech Moud – Männer haten hir Auer grëffbereet un enger Ketten an der Boxen- oder Paltongstäsch hänken. Haut ass d'Aarmbandauer jo méi, ewéi nëmmen e mobilen Zäit-Indicateur. Et ass quasi e Statussymbol, en Ausdrock vu Lifestyle, en Trendsetter, e Luxusartikel. Et ass déi gëllen Auer, fir trei Déngschter an der Firma, et ass awer och déi mof, orange oder wäiss Äis-Watch mam Silikonbändchen fir sech all eenzelner Liewenssituatioun unzepassen, vu Sport iwwer Fräizäit bis bei den Job. Weis mer deng Auer an ech soen der ween s de bass.
Da ginn et jo nach déi Leit, déi hir Auer riets droen, och wa se keng Lénkshänner sinn. Op d'Dauer gëtt dat da wuel eppes méi komplizéiert fir se opzezéien, mä Haaptsaach: et fält een op. Mir ass awer och opgefall, datt et der ëmmer méi ginn, déi sech mol guer net méi d'Méi ginn, eng unzegoen. Firwat och? Well wie permanent mat sengem Smartphone ronderëmhantéiert (an där sollen et der jo anscheinend eng Parti ginn) weess automatesch, wéivill d'Stonn geschloen huet. Et héiert een awer och ëmmer méi dacks vun Zäitgenossen, datt se sech neierdéngs net méi deem omniprésenten Zäitdrock ronderëm d'Handgelenk wëllen ënnerwerfen. An dowéinst ganz einfach op eng Aarmbandauer verzichten. Och en Argument. An zu gudder Läscht dann awer och nach déi Zort, déi se net verdréit. Déi se carrément stéiert an hënnert.
Ech selwer konnt elo während e puer Woche keng undoen, eng zéi Bänner- a Sehneverletzung ronderëm d'Schanke vun der Handwuerzel war Schold, Klamer zou. Ech hunn awer nees wëlles, deemnächst eng vu mengen dräi Aueren ze droen. Ech ginn allerdéngs d'Gefill net lass, ech misst se virun eisem nächste Programmmeeting ausdoen a se mol guer net mat an de Réuniounssall eranhuelen. Ech weess och net, firwat ...
