Kaffi oder Téi, Bréifpost oder E-Mailen, Dessert jo oder neen - all Dag huelen mir eng Abberzuel Entscheedungen, déi eis am Allgemengen och liicht falen – ëmsou méi, wann ausser engem materielle Choix soss näischt um Spill steet.

Kand ausdroen oder ewech maachen, d'Krankheet aushalen oder nohëllefen, sinn och Entscheedungen – keng därer, déi mer all Dag huelen an och keng, déi eis besonnesch liicht falen – kengem vun eis; och net der Politik. Prinzipiell ass de Mënsch natierlech autonom am Sënn vun der Entscheedungsfräiheet – wie moralesch schlecht oder gesetzlech verbueden Decisiounen hëlt, weess, datt e muss mat Konsequenze rechen. Dës sinn vu Land zu Land gäre verschidden – och an der Eurozon.

Sou laang Euthanasie heiheem gesetzlech verbuede war, sinn och mir an aner Länner stierwe gaang - d'Schwäiz war do ganz beléift. Zënter dat Gesetz de 16. Mäerz 2009 am Memorial publizéiert gouf, kann een dofir och heiheem bleiwen. Während d'Politik sech am Kontext vun der Euthanasie fir eng ganz modern an oppen Interpretatioun vum Recht op Selbstbestëmmung entscheet huet, ass dat am Kontext vum Ofdreiwungsgesetz vun der leschter Woch bëssi anescht. Prinzipiell soll och hei sou en Agrëff, also déi fräiwëlleg Ënnerbriechung vun enger Schwangerschaft, méi einfach ginn. Trotzdem gëtt dës Entscheedung awer nëmmen deelweis depenaliséiert an déi betraffe Fra muss weiderhin eng duebel Berodung iwwert sech ergoen loossen. Vum Mann, dee prinzipiell gesinn irgendwéi och eng Roll spillt, gëtt net geschwat.

Och fir dësen Agrëff si mer bis ewell gären an aner Länner gefuer – an dem Kontext gëtt nawell oft vun Holland geschwat – an dat riskéiert och no der Publikatioun vum neien Ofdreiwungsgesetz am Memorial nach weider sou ze bleiwen.

An esou komplexe Froe wéi déi vun der Euthanasie an dem Avortement ass et sécher schwéier, d'Kéier ze kréien, ouni sech d'Fanger ze verbrennen – dat ass och ville Leit vu vir era kloer. Nawell stellt sech eng Fro, ob et sou glécklech ass, fir beim Recht op Selbstbestëmmung souvill Interpretatiounsspillraum ze loossen.

Am Allgemenge gesteet Politik senge Bierger jo a vill méi einfache Froe vill manner bis keng Fräiheet zou, fir sech selwer ze entscheeden.