Kann een d'Gléck ustrécken?

Schlässermier zu Köln iwwert dem Rhein.
Wéini et genee ugaangen ass, weess keen, mä den Ursprong schéngt aus Italien ze kommen, méi genee vu Florenz, do hu Studenten nom Enn vun hirer Léierzäit symbolesch Schlässer un de Ponte Vecchio gehaangen. Zu Roum hu se et virugefouert - allerdéngs war den Zweck en aneren: Verléifte Koppelen hu sech mat engem Schlass an hiren agravéierten Nimm un enger Bréck veréiwegt an de Schlëssel duerno an den Tiber geheit.

D'Christiane Kremer
An der Tëschenzäit huet sech dës Traditioun a villen anere Stied un de Brécken ausgebreet: A Serbien soll dëse Brauch anscheinend scho bal 100 Joer al sinn.
Wéi och ëmmer, den éiwege Liebesbeweis gefält nach laang net jidderengem. De Buergermeeschter vu Roum hat d'Schlässer schonn tëschenduerch verbueden, well duerch d'Gewiicht eng Lanter ëmgefall war. Zu Berlin oder Venedeg duerf mol guer net ugefaange ginn, do ass et strengstens verbueden; dogéint weisen aner Stied duerchaus en Häerz fir Verléifter: Paräis, New York, Salzburg, Moskau, Helsinki, Odessa, Pécs an Ungarn, wou d'Léift schonn zënter 30 Joer ugestréckt gëtt, oder Köln, wou 40.000 Schlässer op der Hohenzollernbréck hänken a wou e jonke Mann, deen der e puer geklaut hat, souguer vru Geriicht veruerteelt gouf.

E Schlasshäerz zu Köln fir denm FC Köln (2. Bundesliga).
Et ass en touristeschen Attrait a beréiert d'Mënschen, soen déi eng, et ass doudgeféierlech an och nach ellen, soen déi aner.
Verschampléieren déi vill faarweg Schlässer dann elo eng Stad oder doen se een dach ee Moment nodenken iwwer d'Vergänglechkeet vum Gléck? Oder fir et nach méi philosophesch ze gesinn: Kann een eppes fir d'Éiwegkeet a Kette leeën, wat soss vläicht net éiweg hale kann? Oder muss een sou eppes Wäertvolles ganz einfach ustrécken, fir datt et sech géint all Stuerm halen a wiere kann?
Vun de ville, ville Schlässer, déi dorëmmer hänken, sinn der bestëmmt derbäi, déi scho laang net méi valabel sinn, an dach sinn a bleiwe se Zeie vu Passioun a Léift. Sou wéi dat och Gedichter, Bréiwer, gravéiert Buschtawen a Beem oder souguer Graffitie kënne sinn.
Et ass e Brauch - wann och nach e jonken -, eng Garantie fir d'éiwegt Gléck ass et net.
Dorunner muss scho jiddereen permanent selwer schaffen.

Schlässer als Zeeche vun der Léift um Gelänner vun enger Bréck zu Salzburg.