Muer ass et sou wéit, da kënnt en: riets geet vum hellege Mann deen zu Lëtzebuerg guer keen Hellegen ass. Fir Primärschoul heescht dat: keng Schoul! Annoncéiert gouf dat schonns virun iwwert enger Woch! De Gemengebued huet en Ziedel an Breifkëscht bruecht - les classes chômeront le 6 décembre!. E Franséisch dat bal sou al ass déi wéi den Zinniklos selwer:verb „chômer“ – jiddefalls an der Bedeitung déi hei gemengt ass – geet zréck op 12. Joerhonnert – net ze verwiessele mat der Bedeitung déi Substantiv „Chômeur“ zënter 1876 a bis haut huet.

Op elo Primärschoul mam 1. bis 6. Schouljoer oder déi zyklesch organiséiert école fondamentale : dës Kleeschen iwwerlieft se all – Reform hin oder hier!

Ech ginn zou -  ech selwer hunn och eng flott Kandheetserënnerung un den 6. Dezember – deen Dag wou mer all doheem souzen a gespillt hunn bis den éischte Sträit ausgebrach ass – meeschtens ëm fundamental Wäerter wéi 'dat ass méint“ oder „hien oder hat huet et futti gemaach!“. Dat hunn dunn d'Elteren geregelt – meeschten d'Mamm – well dat wor och déi Zäit wou et Usus wär dat een Elterendeel de Stot gemaach huet – also ëmmer doheem wär.

Haut dës Daags ass et Usus dat déi zwee Eltere schaffe ginn, och fir sech dat Liewen zu Lëtzebuerg nach leeschten ze kënnen, wat eis Politiker zënter 30 am Numm vum Bierger fir de Bierger organiséieren.

Dofir huet dem Gemengebuet säi Blat nach eng zweet Zeil: ënnert der Info dat d'Schoul ausfält steet neierdéngs dat maison Relais de 6. Dezember, de ganzen Dag, op huet. Fir déi Kanner opzefänken, wou doheem keen sech Congé hëlt oder kann huele – an dat gëllt net nëmme fir famille monoparentale. Sou gëtt de 6. Dezember op eemol zu engem Dag fir déi Kanner, wou d'Eltere besser do stinn, also just de Géigendeel firwat den Zinniklos eigentlech veréiert a bis haut gefeiert gëtt.

Wann dës Legend dësem Land also wichteg genuch ass, datt d'Grondschoul deen Dag fräi huet, da wier et sécherlech och am Kleesche sengem Sënn, fir aus dësem Dag e richtege Familljendag ze maachen, andeems op d'mannst een Elterendeel vun der Aarbecht fräi gestallt wier.

Den Teller kënne mer jo mol stellen, awer an Zäite wou de Sozialdialog éischter ee vum Ofbau ass, dierft dëse wuel eidel bleiwen.