E Sonndeg war den éischten Advent an domadder ass déi éischt Käerz um Adventskranz ugefaange ginn. Wuel bei deene meeschte vun eis. Bei mir net. Net aus Verbruetheet oder aus Protest, nee einfach, well ech vergiess hat mer e Kranz, respektiv 4 Käerzen z'organiséieren. Dat huet mech um éischte Moment, wéi et mer opgefall ass, net weider erschreckt, well ech ginn zou, ech sinn net de gréisste Fan vum Chrëschtdagsfest, mä d'Atmosphär virdrun a ronderëm fannen ech awer ëmmer ganz gemittlech.

Am Laf vum Sonndeg huet et mech dunn awer gewuermt, datt ech dat vergiess hat an dunn hunn ech mer Gedanken gemaach wéisou. Well eng Käerz hunn ech awer ugefaangen an de Schnéi hat jo vum selwe scho fir Stëmmung gesuergt.

Mä et ass wuel d'Geschicht vum Ritual, engem vu sou villen, déi eist Liewe bestëmmen. Ritualer ginn et en masse, net nëmme reliéiser, a si spillen eng wichteg Roll an eisem Zesummeliewen. Si si kulturell ze verstoen an hëllefen de Mënschen en Zesummenhaltsgefill an doduerch och eng gutt Kommunikatioun ze fannen, Decisioune méi einfach ze huelen an domatter och d'Welt besser ze verstoen. Sou gesinn et emol Philosophen. Kleng Kanner kënnen duerch Ritualer léieren, wéi se eemol Regele verstoe sollen oder fannen e Gefill vu Gebuergenheet an der Gesellschaft.

Och an der Psychotherapie hu Ritualer hir Roll ze spillen an an der Gruppendynamik. A wa Ritualer leider och zu onetheschen Zwecker mëssbraucht ginn, bleiwen se e wichtegt Element am Alldaagsliewen a ginn him eng gewësse Regelméissegkeet: ob et elo ëm e gemeinsamt Lidd beim Schoulausfluch geet, ob et ëm en Danz um Ufank vun engem Rugby-Match geet, ëm e Gesank beim Optakt vun engem Parteidag, dem Fändel bei enger Goldmedail, e Geck um éischten Abrëll oder eng Tiitche vum Kleeschen.

Och den Adventskranz gehéiert zu sou Ritualer- an ech wäert e Sonndeg dann zwou Käerze mateneen ufänken.