Prost op d'Firmefeier

Ah, den Dezember ! Dee Mount vum Joer wou all Firma déi eppes och sech hält an et sech nach leeschte kann, op hir Firmefeier invitéiert, a méi konservative Betriber och Chrëschtfeier genannt. An den allermeeschte Fäll ass et sou, dass d'Mataarbechter gebiede sinn, de Rescht vun der Famill doheem ze loossen. Zum enge well se déi jo och net mat op d'Schaff bréngen, zum anere fir Geld ze spueren; am Absoluten awer, well et soss net witzeg ass. A witzeg gëtt et spéitstens beim Digestif dorëmmer, wann den éischte Promill scho laanscht ass. Do erkennt de Chef op eemol Qualitéiten a vläit souguer Kompetenze bei senger Sekretärin, déi ëm bis dohinner nach net opgefall waren. Dat sinn d'Owender, wou
iwwert dem drëtte Cocktail an enger gudder Zigar iwwer Carrièren an strategesch Ausriichtung vun der Firma decidéiert gëtt. Virausgesat den Dag drop erënnert nach een sech drun. Iwwerhaapt, déi Saach mam Erënneren ... däerf een de Chef automatesch duzen, just well een op der Chrëschtfeier mat ëm Tango gedanzt huet ? Oder geet dat just duer fir en op Facebook als Friend ze adden ? A wat ass mat Photoen ? Op deene meeschte Feiere gëtt et zwar een Dresscode, mä net onbedéngt eng Etiquette. Dofir soll et scho mol virkommen, dass Leit déi Etiquette bei den Aarbechtskollegen oder Kolleginnen an der Kleedung siche ginn, ganz am chrëschtleche Sënn vun der Nächsteléift eben. D'Zäit vun der Chrëschtfeier, sou de Konsens, däerf een d'Regelen doriwwer wat nach ënner schlechte Geschmaach a schonn ënner sexuell Belästegung fält getrouscht op de Beemchen hänken. Wien allerdéngs domadder gerechent hat sech an nächster Zäit op een neie Posten héichzeschlofen an et souguer op der Chrëschtfeier net fäerdeg bréngt, dem Chef, oder a mengem Fall, der Chefin, physesch méi no ze kommen, däerf duerno getrouscht ausschlofen a seng Carrièrespläng zesumme mat der rouder Zipfelmutz nieft d'Etiquette op de Beemchen
hänken. A wien ze fréi heem geet oder nom éischte Glühwäi scho beim Waasser ass, däerf sech net wonneren, wann en de Rescht vum Joer als Läppche gëllt. Mee d'Joer ass jo net méi laang, an spéitstens d'Neijooschreceptioun gëtt dann d'Chance sech erëmkafen.