Fraen a Kanner fir d'éischt

Als Mann kommen ech mer regelméisseg diskriminéiert vir, an dat net réischt säit der europa-kommissaresch dekretéierter Fraequot. E Mann, huet een den Androck, ass an eiser Gesellschaft einfach manner wäert wéi eng Fra, a wéi Kanner souwisou. Ëmmer wann iergendwou een Accident oder een Attentat geschitt, a Leit ëm d'Liewe kommen, gëtt ni vergiess ze präziséieren: dorënner och sou a souvill Fraen a Kanner. Dass een am Krich d'Ziviliste vun den Zaldoten ënnerscheed liicht mer jo nach an, mä grad am Fridden ass net all Mann Zaldot. „Fraen a Kanner fir d'éischt“ zielt nach net emol zu den 10 Geboter.
An awer schéngt dee Prinzip iergendwou déif an eisem Cortex verankert ze sinn. Kuck mol een sech all déi Campagnen un, mat deene mer grad ëm des Zäit vum Joer vun all den Heeschorganisatiounen an ONGen zougeschott ginn. Meeschtens geet et ëm aarme Fraen an onschëlleg Kanner, déi eis Hëllef brauchen. D'Männer sinn, op d'mannst kommunikatiounstechnesch, entweder net betraff, oder däerfen sech selwer hëllefen. An iwwerhaapt, onschëlleg Kanner, wat ass dat nëmme fir een ofgelutschtene Cliché ? Heescht dat, dass déi betreffend ONG vun all Jugendlechem fir d'éischt een Extrait aus dem Casier freet, éier e gehollef kritt ? A firwat sinn et ëmmer nëmmen onschëlleg Kanner vun deenen een héiert ? Ginn déi automatesch kriminell, wann se erwuesse sinn ? Oder interesséiert et eis bei Erwuessenen einfach net, op se schëlleg oder onschëlleg sinn ?
Säit engem gewëssen Incident, deen een an der Bibel, Buch Genesis, 3. Kapitel, noliese kann, aus souwisou kee méi onschëlleg. Wat net heescht, dass ee selwer Schold drun ass, wann et engem schlecht geet, soss hätten déi, deenen et besser geet jo och kee schlecht Gewëssen, wann se net géifen hëllefen. An der Zäit stoung an all Kierch bei der Krëppchen iergendwou d'Figur vum Negerkëndchen, dat mam Kapp gewackelt huet, wann ee Su agehäit gouf. Haut gesäit een se ëmmer manner, wann iwwerhaapt nach. Sou een Negerkënndchen (alleng schonn den Ausdrock!) dat ass politesch net korrekt. Ausser et ass eng Photo, vun engem richtege Këndchen, richteg an Afrika gemaach, a wann d'Kand dorobber traureg kuckt, mä frëndlech laacht, ass de Virement op d'Kontosnummer ënnert der Photo nach just eng Formalitéit. Mat engem 40 Joer ale Mann um Bild géif sou eng Campagne wäit manner gutt fonctionnéieren. Wann et ëm d'Spendebereetschaft geet, gëllt eben : Fir Fraen a Kanner fir d'éischt !