Weltkonsumdag

Ëmmer méi Leit halen et jo well mam Professer Dawkins, a gleewen net méi un d'Chrëschtkëndchen. Dat hält se awer net dovunner of, Chrëschtdag ze feieren, schonn eleng aus Gewunnecht. Ech war viru kuerzem op eng Chrëschtfeier invitéiert, déi huet ganz offiziell „Wanter Event“ geheescht. Ech krut erklärt, dat wär fir all reliéis Referenz aus dem Spill ze loossen, am Betrib géifen zwar eng ganz Partie Chrëschtkënnercher, mä nach laang net nëmme Chrëschte schaffen. Op ëmmer méi Plaze kritt ee jo dofir och net schéi Chrëschtdeeg gewënscht, mä Season's Greetings un de Kapp gehäit. Ma firwat och net.
Allerdéngs sollte mer da konsequent driwwer nodenken, ganz am Sënn vun der Trennung tëscht Kierch a Staat, eise Vokabulär méi generell ëmzestellen. D'Chrëschtmäert nenne ma da Wantermäert. An der Stad Lëtzebuerg lafen se jo haut schonn ënnert dem Titel „Winterlights“. A Chrëschtdag nenne mer de Weltkonsumdag. D'Adventszäit däerf hire Numm behalen, dee muss awer op Franséisch ausgeschwat ginn. Avent(e). Ëmmerhinn ass dat jo déi Zäit wou de Commerce an den Hysteriemodus schallt, et geet drëm Vente ze maachen, méiglechst vill Kaddoen, fir Leit déi näischt méi brauchen, mat Suen déi mer net méi hunn. Silvester par konter muss ëmbenannt ginn. Aktuell erënnert deen Dag jo un ee kathouleschen Hellegen, deen en plus nach Poopst war. E proposéieren dofir, well et den Dag virun Neijooschdag ass : „Leschtooschdag“.
Méi ee grousse Problem dierft sech deen Dag allerdéngs ëm Mëtternuecht stellen : een neit Joer ass schéin a gutt, mä ass dat och nach acceptabel, wann et nom gregorianeschen, an deemno kathoulesche Kalenner ass ? Däerfe mer deen Dag feieren, wann et Honnerte Millioune Leit op der Welt gëtt, fir déi deen Dag guer keen neit Joer ugeet ? Ech soe jo, awer nëmme wann och si Efforte maachen hir Fester reliounsneutral ëmzebenennen. Wéi wär et zum Beispill mat Summerfaaschten amplaz Ramadan ? Hierschtfest amplaz Yom Kippur ? An deem Fall wär ech souguer bereet meng Ouschtereeër Fréijorseeër ze nennen. Absurd ? Net méi, wéi eng Chrëschtdagsfeier Wanterfest ze nennen.