Et ass de leschten Dag am gregorianesche Kalenner, an och wann ech nach während Woche meng Dokumenter op 2012 datéiere wäert, geet muer 2013 un. Säit laangem mol rëm ee Joer, ouni Schnapsdatum. Wien den 12.12.12 um 12:12 verpasst huet eppes Verstänneges ze maachen, wäert säi ganzt Liewe keng Chance méi kréien, dat an enger ähnlecher  Kombinatioun nozehuelen.

Woumatter mer bei mengem eigentlechen Thema ukomm wären : Gutt Virsätz, oder Saachen, déi een net méi nohuele kann. An hannendrun, wéi sou oft, d'Fro nom Sënn vum Liewen. Fir ze wëssen, op ee Virsaz ee gudden ass, an den Effort d'nächst Joer wäert, gëtt et nämlech just ee Kritär : dee vum Stierfbett. Well et ass ëmmer, wann et ze spéit ass, dass d'Leit ufänken ze lamentéieren : hätt ech gutt hei, an hätt ech nëmmen do. Ausser et stierft een u Longekriibs, seet wuel kaum een um Stierfbett „hätt ech nëmmen opgehal mat fëmmen“. An wann der Dout un der Dir klappt, sinn et och nach just déi ganz Haart déi bedaueren, net awer nach ee Marathon gelaf ze sinn.

Un Zellulit denkt an deem Moment souwisou kee méi. Ech hunn och nach ni gehéiert, dass ee mat sengem leschten Otem bedauert hätt net méi Iwwerstonne gemaach ze hunn, oder awer op Energiespuerbieren ëmgeklomme ze sinn. Nee, wann et sou wäit ass, da kommen déi wierklech wichteg Saachen op d'Tapéit. Hätt ech nëmme méi Zäit mat der Famill verbruecht. Hätt ech heiansdo eng Paus gemaach op der Juegd nom Mammon, fir e bëssen d'Sonn ze genéissen. Hätt ech méi mat de Leit geschwat. Geschwat, léif Kanner, net gesmst. Hätt ech ee Buch gelies, da misst ech lo net domm stierwen. Hätt ech Capri gesinn. Hätt ech awer dee Sportswon kaf, wéi ech nach dran- an erauskoum. Wann et eriwwer ass, erënnere mer eis net méi un all déi Momenter, wou mer verstänneg waren, wou mer gespuert hunn, wou mer eis beholl hunn wéi d'Leit an et eis gaang ass wéi de Leit. Firwat also bestinn eis gutt Virsätz all Joer op een neits bal exklusiv aus spiessbiergerleche Corveeën ? Sou gesinn ass et eigentlech grad sou gutt, dass mer eis souwisou kaum ee Joer drun halen.