Freet een, wien da wat a wou ass, dann denken déi meescht vun eis un d'Lëschte vun de Räichen a Superräichen op dëser Welt - sou wei de Forbes Magazine se all Joers publizéiert. An der Lëscht vun de Milliardären ass ee Kapp och heiheem keen Onbekannten - de Lakshmi Mittal gëtt do am Moment op der Platz 21 gefouert.

An der Verfilmung vum Thomas Keneally sengem Roman huet de Steven Spielberg eis drun erënnert, datt et och nach aner Zorte vu Lëschte gëtt. Dem Schindler seng huet keen Ënnerscheed gemaach, ob ee räich oder aarm wär, mä ob een ee vun deene ronn 1.200 Mënsche wor, déi den Oscar Schindler virum Doud an engem KZ gerett huet.

D'Iddi vum "Who's Who" ass bekanntlech eng al a virun allem pragmatesch. Well an der Encyclopedia Britannica net genuch Plaz wor, fir bedeitent Perséinlechkeete mat ausféierleche Portraiten duerzestellen, koum déi éischt Persounen-Enzyklopédie 1848 dëser Aufgab no. Dës éischt Editioun vum "Who's Who" huet virun allem dem englesche Kinnekshaus mam Adel wéi och Politiker, Riichter a ranghéijen Offizéier gegollt.

Am klenge Lëtzebuerg hu mer bis ewell keng sou "Who's Who"-Lëschte gebraucht. Et ass duer gaang, ze kucken, wien am Kader vum Nationalfeierdag entweder am Te Deum oder op der Éierentribün bei der Parade souz, respektiv wie soss bei diplomateschen Evenementer um Rendez-vous war – eis hebdomadaire Magazinnen zesumme mam Marie-Kalenner hunn de Recht gemaach. Zënter en etlech Wochen ass et domadder gedoen, well et ass eng aner, nei, vill méi interessant national "Who's Who"-Lëscht opgedaucht. Si ass och net wuertwiertlech opgedaucht, villméi gëtt just dervu geschwat. Rieds geet vum Service de Renseignement – dem Lëtzebuerger Spëtzeldéngscht – senger Lëscht oder an dësem Fall senge Fichieren. Nei ass se och nëmmen am Sënn, datt se bis ewell net public war an d'Leit, déi mat hirem Numm hei gefouert ginn a goufen, bis haut näischt vun dëser zweedäiteger Éier wëssen, ofgesinn vun deene puer Nimm, déi am Kontext vum Gespréich Premier a SREL-Chef op den Dësch vun der parlamentarescher Kontrollkommissioun komm sinn.

A wa mer fäerdeg sinn, hu mer eng Lëscht vun all den onbequemen a kritesche Käpp, déi offiziell all demokratescht Land esou wichteg fënnt, fir en dann inoffiziell op d'Fanger ze kucken, a wat feelt, ass weiderhin deen een Numm, deen och dës Saach an d'Rulle bruecht huet: nämlech den Auteur vun eiser Joerhonnertaffär.