Joresréckbléck ...

Et ass eng schéin Traditioun: kee Joreswiessel ouni Chrëschtbeemchen, Silvesterrakéit an: Réckbléck … Apropos, Gibbes Bertolo:
D'Joer geet op en Enn, a méi och net. Well et sinn ëmmerhin nach gutt zwou Woche bis 2013. Trotzdem gëtt een d'Gefill net lass, datt net méi sou ganz vill wäert passéieren. Oder dierf passéieren. Well déi meescht grouss a spektakulär Tëleesémissiounen, déi eis mat Mënschen, Biller an Emotiounen an déi vergaangen 12 Méint zeréckversetzen, sinn am Prinzip scho Mëtt Dezember erlaanscht. De Lanz um ZDF oder de Jauch op RTL, fir einfach emol nëmmen dës zwou däitsch Joresrevuen ze nennen – et ginn och nach anerer. Et erënnert mech eng Grëtz un Niklos- oder Chrëschtdag an de Butteker, wou et jo och net fréi genuch ka lass goen: den éischten ass vir, wat gemaach ass, ass gemaach.
Dobäi kënnt, a wie kann deem knallhaarden Entertainmentbusiness et verdenken, datt jiddereen net nëmmen d'Nues vir mä och nach d'Kiischten um Kuch wëll hunn. Wie gären de Felix Baumgartner a senger Show presentéiert, muss dee Mann mat Zäite reservéieren an d'Konkurrenz hannert sech loossen. An esou geet et mat ville Momentopnamen, déi sou e Joer markéieren. Wat allerdéngs mat sech bréngt, datt all déi Réckblécker a Retroen vu Joer zu Joer ëmmer méi wäit vu Silvester ewechréckelen. Deen aarmen Dezember huet quasi keng Chance méi, fir sech nach iergendwéi am Countdown bemierkbar ze maachen. An datt en dann alt wéinstens dat Joer drop mat consideréiert gëtt ass natierlech Utopie.
Soit – kuckeswäert sinn déi Joresresuméen allemol. Obwuel alles, wat gewisen a verzielt gëtt, jo nach keng Éiwegkeet hier ass. D'Biller aus deene vergaangenen 12, pardon: 11 Méint sinn nach omnipräsent an eise Käpp. Méi interessant wier et, vläit mol nees eng Kéier dat an Erënnerung geruff ze kréien, wat virun zéng Joer der Welt Stéiss ginn huet. Mä dat geschitt jo souwisou 2019, wann nees eng ganz Dekad Revue passéiere gelooss gëtt.
Iwwregens: mir hei um Radio kucken och zeréck. An der Chrëschtvakanz. Op Politik a Gesellschaft, Sport a Kultur, Wëssenschaft a Prominenz, national an international. Net ze vergiessen: eise Retro-Quiz, wou der Är Souvenire selwer kënnt testen an opfrëschen an zu gudder Lescht: d'Wiel vum Lëtzebuerger an der Lëtzebuergerin vum Joer. Avis aux amateurs, well wéi sot den Auteur Jean Paul: „D'Erënnerung ass dat eenzegt Paradäis, aus deem keen eis ka verdreiwen.“
