500 Milliounen Europäer kréien den Nobelpräis

D'Christiane Kremer
Gëschter hu „mir“ de Friddensnobelpräis kritt! Jo ech betoune mir, well ausgezeechent goufe mir zu 500 Millioune Bierger vun der EU. D'Motivatioun fir de Präis ass jo, datt d'EU zënter 60 Joer fir Fridden, Aussöhnung, Demokratie an Mënscherechter antrëtt. Sou kollektiv Präiser kenne mir Lëtzebuerger jo an der Tëschenzäit scho gutt, ëmmerhinn krute mir och schonn den Oochener Karlspräis, well mer sou gutt Europäer sinn.
Net jidderee fënnt den Nobel-Präis ubruecht, doriwwer kann een diskutéieren, mä dat gehéiert sécher an aner Diskussiounsronnen.
Mir ass gëschter bei der Iwwerreechung éischter den Optrëtt vun der EU opgefall. Zu 3 Mann héich sinn se ugetruede fir d'Auszeechnung ze kréien. Lo kann ee soen, dat wier schonn ubruecht fir eng hallef Milliard Mënschen ze representéieren an no bausse wierkt dat och nach gutt. Just wann dann hannert d'Kulisse gelauschtert gëtt, da kommen déi kléng Tëschentéin, datt kee wollt deen anere vir loossen. Sou gesinn ass de President – also den Herman van Rompuy- eigentlech de richtege Mann dofir, well Representéieren ass jo och seng offiziell Funktioun. Fir all déi aner Funktiounen, ass d' EU-Kommissioun zoustänneg an dofir huet de Chef Manuel Barroso sech och beruff gefillt derbäi ze sinn an der éischter Rei. Dat goung awer dem President vum Europa-Parlament, dat jo d'EU-Bierger representéiert, net duer an dofir wollt de Martin Schultz och mat.
An am Sall souzen dann och nach d'Regierungschefen oder hir Vertrieder vun den 27 Member-Staaten. Vläicht e puer ze vill fir mat op d'Bühn. Vläicht hätt een awer kënnen d'Vertrieder vun de 6 Grënnungsstaaten mat erophuelen. Oder de Chef vum Euro-Grupp oder de Staatschef vun deem Land, dat grad d'Presidence huet- an deem Fall Zypern. Oder...
Dat Ganzt erënnert mech un e Lëtzebuerger Theaterstéck aus den 90er Joere mam Titel „7 Lëtzebuerger kréien de Karlspräis“, do goung et ëm eng Aart verfréite Casting-Show fir deen ze fannen, dee fir all Lëtzebuerger de Präis géing an Ëmfang huelen. Eng Comedie, bei där um Enn awer keen den Test bestanen huet an et ass alles um Grand-Duc hänke bliwwen, dee jo souwisou den offizielle Representant ass.
Heiansdo schéngen Theaterstécker déi méi realistesch Manifestatiounen ze sinn.