Wat huet deen eng Nues?

D'Christiane Kremer
De leschte Freideg goufe bei enger feierlecher Zeremonie an der Stad Lëtzebuerg 2220 Leit, déi hei liewen, geéiert, well se d'Lëtzebuerger Nationalitéit ugeholl hunn, dovunner waren 1437 Belsch. Vill vun hinnen hu vun der Regel profitéiert, datt se 1900 en direkte familiäre Lien zu Lëtzebuerg haten. Villes ass an de leschte Joere jo net riicht gelaf an eisem Nopeschland- et erënnert ee sech: nach ni war e Land sou laang ouni Regierung, wéi d'Belsch – am ganze 540 Deeg an de Sproocheproblem ass sécher mat ee vun de Grënn dovunner.
Da ginn et awer och déi, déi sech grad d'Belsch als nei Heemecht eraussichen an och souguer iwwer d'Nationalitéit nodenken. Dat geschitt wuel manner aus familiären Ursaachen eraus, mä kloer an däitlech aus Steiergrënn. De franséischen Acteur Gerard Dépardieu huet jo haart driwwer nogeduecht, sech och fir d'Nationalitéit vun deem Land ze decidéieren, an dem e schonn ugemellt ass. E Spëtzesteiersaz vu 75% kritt hien- als ee vun deenen, déi gutt verdéngen- a Frankräich den Ament vun der Regierung Hollande operluecht. Do huet de schwéieren Obelix-Acteur net mat Menhiren, mä mat Kritik ëm sech geheit a gemengt, hien hätt bis elo 145 Mio € Steiersue bezuelt a sech ni beklot. Mee lo géing et duergoen. Vum franséische Premier Marc Ayrault ass hien dofir als „minable“ bezeechent ginn.
Den Dépardieu kéint tatsächlech vun engem neie, belsche Gesetz profitéieren: vum 1. Januar un kann een d'Nationalitéit méi séier kréien, wann ee sech besonnesch fir d'Land auszeechent- wéi Sportler oder Kënschtler.
D'Lompe sténken tëscht dem Acteur a sengem Land- seng méiglech nei Heemecht hält sech eraus. D'Belsch géif net extra Fransouse mat décke Peien ulackelen, sot den Ausseminister Didier Reynders, dat wier schonn e franséische Politikum.
Wien huet dann elo déi richteg Nues: d'Fransousen, déi fir d'Belsch sinn, oder d'Belsch, déi fir Lëtzebuerg sinn?
Apropos Nues, de Gerard Depardieu huet wuel nach net no der Lëtzebuerger Nationalitéit gefrot, mä e puer Lëtzebuergesch Wierder kann e jo nach zënter der Wäi-Publicitéit vrun e puer Joer.