Eigentlech ass et un der Zäit fir senge Léifsten, senger Famill a senge Frënn eppes ze wënschen - e léiwe Geste, eng kleng Kaart oder e léift Wuert. Dat wär virum leschte Freiden, dem 14. Dezember  - zënter hir wënschen ech eis all just nach eppes: an zwar dat et einfach net geschitt wier – de Massaker vun Newtown.

Genau 221 Joer nodeems an den USA den zweeten Verfassungszousaz, gestëmmt gouf, falen dësem "2nd amendment" – wéi en besser bekannt ass   – erëm onschëlleg Mënschen zum Affer. Dës Kéier zu Newtown – 20 Kanner tëscht 6 an 10 Joer an 6 Erwuessener.  Aus dem Argument, datt Sécherheet vun engem Land verlaangt, datt Vollek Waffen besëtzen an droe kann, ass zënterhier eng vun dën politesch wei och juristesch ëmstriddensten Froen an den USA ginn. Sou ass et eng batter an haart Ironie vum Schicksal, datt dësen Amendement, deen dofir geduecht ass Institutiounen ze schützen, grad an enger enger Grondschoul zu sou engem Massaker féiert.

Kuckt en déi Fäll, wou eng eenzel Persoun mat enger Schosswaff op d'mannst 4 Mënschen ëmbréngt, da kommen d'USA op en trauregen Rekord vun 62 sou Amokleef an de leschten 30 Joer – e bedenklechen Duerchschnëtt!

Den amerikanesche President hëlt awer méi wäit aus wei just op den alen a bekannte Problem vum Waffegesetz a -besëtz anzegoen. A senger Trauerried stellt den Barack Obama eng fundamental Fro iwwert déi mer och heiheem mol nodenke sollen: Maache mer wierklech genuch fir eise Kanner eng Chance ze ginn, glécklech an zefridden ze liewen? Hie beäntwert dës Fro fir säi Land mat engem kloeren Neen.

Ech hu mech gefrot, wéi d'Äntwert op dës Fro heiheem géif ausfalen -  maache mer wierklech genuch fir eis zukünfteg Generatioun?

Fir guer net un déi Kanner aus deene Länner ze denken, déi mir brauche fir eisen Wuelstand ze organiséieren, liewen a virun allem ze halen -  am Noutfall maache mer dat jo och mat Gewalt – wirtschaftlech oder physesch – Krisegebitter op der Welt halen eis allzäit kee schéine Spigel virun d'Nues.