Chrëschtdag steet nees vrun eiser Dier, mir zéien eis déi rout Mutz iwwer d'Stir …

Gesitt Dir se och iwwerall? Déi rout Mutzen, mam wäisse Bord a mat der wäisser Bommel. Heiansdo blénkt och nach déi eng oder aner Luucht resp. „jingelt“ engem een zerquetschten „merry christmas“ oder „ho ho ho“ entgéint.

Wat viru Joeren nach als originelle clin d'oeil eng gewëssen Opmierksamkeet an der Populatioun provozéiert huet ass haut e festen an inevitabele Bestanddeel vun der Vir-Chrëschtdagszäit. Laanscht de Futtballsterrain erbléckst een der, net nëmmen där rouder, mä och grénger a bloer oder wéi eng Faarf de Veräin dann elo ebe verlaangt. Gesäit effektiv léif a witzeg aus, en plus hält eng Mutz bekanntlech waarm. A wann e Grupp jonk Leit sech an der Groussgaass oder um Chrëschtmaart kollektiv am Santa-Look presentéiert, kënnt dat jo och häerzlech a sympathesch eriwwer.

Domadder ass et awer nach laang net gedoen. Ech gesinn der mëttlerweil op Schratt an Tratt. Gëschter nach, an engem groussen Akafszenter. Do hat sech dach net all eenzel Caissière esou eng rout Bommelmutz iwwer d'Ouere gezunn. Also kal war et net dobannen an als gutt-gelaunte Glühwäinclique si mer déi Dammen och net grad virkomm. Ech gi mol dovunner aus, datt een hinne gesot huet, si missten déi rout Mutzen opdoen. Dat géint gutt beim Client ukommen, dat géing en an déi néideg Chrëschtambiance versetzen an e vläit motivéieren, dach nach deen een oder anere Kaddo méi fir d'Fest mat anzeplangen. Ech gleewe kaum, datt d'Meedercher hannert der Keess selwer de Fanger ausgestreckt hunn fir sech dëse moudesche Gag dierfen unzedoen. Mä wann et de Kinnek, also de Client, net stéiert …

Am Prinzip deet et mir jo och net wéi. Eng Mutz méi oder manner … och wa manner dacks méi ass. Ech gesinn se nämlech och nach deemnächst an eiser Kantin, beim Bäcker, am Bistro, … vläit och nach bei eis am Büro, beim Zänndokter oder bei där nächster Radarkontroll?

Alt nees esou en Trend, dee mer aus Amerika iwwerholl hunn. Mä wann ech éierlech sinn, da gesinn ech léiwer Dausende vu Matmënsche bei eis an der rouder Santa-Mutz doruechter lafen ewéi een eenzegen do iwwer mat engem Klabes an der Täsch … Merry Christmas !

RTL
AUDIO: Apropos