Wat war d'Opreegung grouss ronderëm de Comptoir. Dee guer net méi sou geheime Geheimdéngscht hätt zéng- wann net honnertdausende Karteikaarten am Keller leien, fir all Lëtzebuerger eng, nach schlëmmer wéi an der DDR, ... wou vun der Stasi wuel just ee Grapp voll Lëtzebuerger fichéiert waren. Dass, fir dat färdegzebrengen den SREL allerdéngs e puer Honnert Mataarbechter hätt misse beschäftegen, ass do nëmmen een Detail. Da léiwer driwwer phantaséieren, wéi de Premier perséinlech matgelauschtert huet, wann d'Tatta Sidonie hirer Frëndin um Telefon deen neiste Beschass iwwer hir Nopere matgedeelt huet, fir dat fei propper an deenen hir Karteikaarten anzedroen !

Kee Wonner also, dass ëmmer méi Leit drop bestinn, Abléck an hiren intimen Dossier ze kréien. D'Idee, dass an den net manner geheimen Archive vun hirer Bank, hirem Dokter oder souguer der Police wa méiglech eng Kartei mat vill méi kompletten a brisanten Informatioune besteet, schéngt déi selwecht Leit komescherweis vill manner ze beonrouegen. Firwat besteet mäi Supermarché eigentlech drop, dass ech mech un der Keess ausweisen, fir dass hien all meng Akeef, an domadder Liewensgewunnechten, genee fichéiere kann ? Firwat wëll neierdéngs mäi Coiffer meng Adress kennen, sous Prétexte dass ech mer no 10 Coupen eemol d'Hoer gratis fierwe loossen däerf ? An wëssen net VISA a Facebook vill méi genee wéi e puer Spezialiste vum Geheimdéngscht, wou ech mech déi läscht Méint ronderëmgedriwwen hunn ? Et wär dach witzeg, mer lo net nëmmen dem Geheimdéngscht ee Bréif schreiwen, fir Abléck an eise Fichier ze kréien, mä och all deenen aneren, deene mer iergendwann, méi oder manner fräiwëlleg, eisen Numm an eis Adress gelooss hunn, ouni dass mer sou genee wëssen, wat déi zënterhier domadder ugefaang hunn.

Net dass déi dat alles un de Geheimdéngscht weider gereecht hunn … an deem Fall awer hoffentlech op enger cryptéierter CD ! Der Police hire Schutzpatroun ass jo bekanntlech den Hellege Misch. Dem Geheimdéngscht säin, sou héiert een, mä genee weess een et net, well et ass geheim, wär de Sokrates. Wann een dem Informant, engem gewëssen Aristoteles gleewe kann, war ee vum Sokrates senge léifste Spréch nämlech deen hei : „Ech weess, dass ech näischt weess.“ An déi, déi eppes wëssen, soen näischt. Scho guer net wann eng Auer an der Géigend ass...