gëmmer eng Bees, gëmmer eng Bees fir mat op d'Rees … huet et schonn am Joer 1855 am Dicks sengem Kaméidistéck „De Scholdschäin“ geheescht. Geet der Bees hir Rees dann elo geschwënn op en Enn, Gibbes Bertolo ?

Ech géing jo mol behaapten, datt d'Neijooschbees hiren Déngscht elo definitiv gemaach huet, oder? Datt Uganks der Woch nach deen een oder aneren Aarbechtskolleg all d'Büroen um Gank klappe geet fir den Noperen a virun allem den Nopeschen all Gutts an eng gutt Gesondheet ze wënsche kann ee jo nach mat duerchgoe loossen. Wien awer haut de Moie mat spatzem Mëndchen an oppenen Äerm op mech duer gelaf kënnt fir mer nach séier déi zwee Baken naass ze maachen, deem soen ech ganz kloer: hal deng Bees. Fir eng aner Kéier. Well Geleeënheete ginn et der jo esou vill.

Et fänkt jo scho bei där normaler Begréissung un a bis bei de Gebuertsdag wëll ech et och guer net dreiwen. De Kussi-Kult ass an de leschte Joeren ëmmer méi opkomm, ass allerdéngs net bei jidderengem esou beléift wéi een dat kéint mengen. Eng ganz Partie Leit hunn et eben net gär, wann ee se mat 3 Kusse begréisst, anerer hu kee Problem domadder, resp. passen sech ganz einfach un.

Zum Gléck ass et bei eis jo (nach) net esou verbreet ewéi a Frankräich: Hei begréisse Frënn sech mat zwou Beesen – lénks an da riets. A jo, ech hunn extra nogefrot. Et wëll een et jo awer perfekt maachen. An de Kuss gëtt am Prinzip och nëmmen ugedeit, meeschtens sinn et just 2 Baken, déi sech beréieren. Sou ass dat, an der Grande Nation. Mä attention: zu Paräis ass et, ewéi bei villem, och hei anescht: zu Paräis begréisst ee sech mat 4 Beesen. Lénks, riets, lénks, riets.

Bei eis sinn et der ëmmer dräi. Oder? Also ech sinn et jo mol esou gewinnt. A weess och net genee, ob een dann elo lénks oder riets soll ufänken. Dat si jo dann déi penibel Momenter wou ee bal mat de Käpp anenee knuppt. A wou ee besser gehat hätt, d'Hand ze reechen an normal „Moien“ ze soen. Apropos: Gëtt et se nach, déi schéin al Traditioun vum gefleegten Handkuss? Déi kéint een mol nees opliewe loossen, géint bestëmmt gutt ukommen am Zäitalter vu Retro a Vintage.

RTL

Bis dohinner deele mer dann alt weider Beesen aus. No lénks an no riets, no Neijooschdag a virum nächste Silvester. Ech hunn awer Wëlles eppes méi spuersam domadder ëmzegoen. Manner ass méi, zemools an dëse méi ustiechenden Zäiten ...

AUDIO: Apropos