D'Feierdeeg sinn eriwwer an all gutt Wënsch fir dat Neit Joer gesot, do wou dat Wuert Kris wuel weider present ass! A ganz perséinlech koum ech och schonn net laanscht de Saz: dat geet jo gutt un. Ee Mëssel nom aneren! Mä, um Enn, wat si scho verdréite Kabelen, gequëtschte Fangeren, zerbëlzte Parechoce fir erschréckend onwichteg Themen am Verglach zu deem Thema, dat Indien den Ament beonrouegt, an net nëmmen Indien!

An der gréisster Demokratie vun der Welt, déi zënter e puer Joer e wirtschaftleche Boom erlieft, verlaangen d'Mënschen endlech e Schutz fir hir Fraen. Déi schrecklech Nouvelle vun der brutaler  Vergewaltegung an dem Doud vun enger jonker Fra dreift Dausenden op d'Strooss. Si fuerderen net nëmmen eng Strof fir d'Täter an eng Gerechtegkeet fir d'Affer, si fuerderen emol fir d'alleréischt, datt d'Regierung endlech handelt! Datt endlech d'Aen opgemaach ginn an den Delikt vun der Vergewaltegung net sou niewelaanscht vun den Autoritéite behandelt gëtt. Indesch Frae liewen anscheinend zënter Joere mat där Realitéit, kafen sech Pefferspray, ginn a Selbstverdeedegungs-Trainingen a fäerte fir de Rescht ëm hiert Liewen. Indien ass jo e Land vun de Géigesätz, vu Räichtum an Aarmut an d'Frae stinn op der sozialer Leeder ënnen.

Lo soll dann endlech gehandelt ginn! Der jonker Fra kann dat leider net méi hëllefen, vläicht awer aneren. Hiren Numm Jyoti Singh Pandei - sot de Papp- soll symbolesch stoe fir de Kampf géint sexuell Gewalt! Dat kéint fir hien elo deier ginn: Indesch Gesetzer verbidden nämlech, datt de Numm vun Affer vu Vergewaltegunge bekannt gëtt. Dat soll e Schutz géint d’gesellschaftlech Stigmatiséierung sinn.

E paradoxe Schutz, deen dann antrëtt, wann all anere Schutz versot huet.

An et kann ee sech d'Fro stellen, wien do geschützt gëtt, wierklech d'Fra oder dach éischter hiert Ëmfeld!

Indien wäert hoffentlech weider demonstréieren, fir seng Fraen an domadder och fir sech selwer!