Welt ass net ënnergaang - weder nom Maya-Kalenner nach nom Nostradamus sengen Profezeiungen. Vläicht leit dat och dorunner wéi mer eis dësen Weltënnergang virstellen: dat an engem Dag souvill Katastrofen , Leed a Misère géif iwwert d'Welt abriechen dat se fir eis all géif ophalen mat existéieren. D'Apokalpyse oder d'Enn vun der Geschicht – sou wéi se an eiser Kultur an der Bibel duergestallt gëtt schéngt dem moderne Mënsch éischter onwahrscheinlech.

Méi wahrscheinlech ass den Szenario dat de Mënsch an senger eegener Welt ënnergeet: ugefaang beim Dreck an beim Knascht deen en all Dag produzéiert: vun ongenéissbarem Waasser a verpeschter Loft fir net erëm vun deene 10 Milliounen Tonnen ze schwätzen déi mer all Dag ewech werfen.

Fir anerer gi mer ënner an eisem digitalen Konsumverhalen: den 21. Dezember ass fir d'éischte Kéier e Video 1 Milliard mol op YouTube ugeklickt ginn – dem Rapper Psy séin „Gangnam-Style“. Oft gedeit als Symbol vum Ufank vum Enn vun eiser Denkkultur a -geschicht, eng Zort intellektuelle Kascht deen eis all verdierwe géif.

An all Dag ginn privat a perséinlech Welten ënner. Genau eng Woch virun der Maya-Profezeiung ass sécherlech den betraffenen Elteren vun Newtown hir Welt ënnergaang, vläicht net fir ëmmer awer duerno fir ëmmer anescht.

Traditionell gëtt d'Enn vun der Geschicht an eiser Denkkultur duerch déi 4 akopalyptesch Reider duergestallt, déi - héich op hiren Päerd - fir den Honger , den Krich, d'Pescht an den Doud stinn – an sou zesummen dem Mënsch séin Ënnergang duerstellen. Vläicht wier et un der Zäit dës Symboler 'à jour' ze setzen also 'up-ze-daten' an ze kucken wat hautdesdaags mam Honger, dem Krich a virun allem der Pescht – nieft deem wat Noriichten eis All Dag weisen – och nach kinnt gemengt sinn.

Sou sinn virun allem déi kleng Welten déi all Dag zesumme briechen. an ouni de Maya oder engem Nostradamus wëllen ze no ze trieden an ouni Usproch op grouss Profezeiungen, sou ass zimlech einfach viraus ze gesinn wat am neie Joer wuel als éischt wäert ënnergoen: an zwar déi gutt Virsätz – an dat 'ca capo' all Joers openeits.