Was gucks du?

Da seet ee sech, et kann ee jo och net ëmmer doheem virun der Tëlee hänken, da geet ee mol eraus, an an ee Café eran, a wat leeft do? D'Tëlee! Awer lo net iergend ee Sportprogramm oder wéinstens d'Noriichten, nee, do leeft nëmmen an exklusiv Reklamm. An am Géigesaz vun Doheem, wou een alt wéinstens nach zappe kann, bleift engem hei näischt anescht iwwregens wéi se all ze kucken.
Ech weess och, dass et theoretesch méiglech ass, net op eng Tëlee ze kucken, déi grad leeft, an der Praxis ass dat mir awer nach ni gelong, genee sou wéineg wéi all den aner Gäscht am Café, deenen hir Aen ëmmer rëm magnéitesch vun deem flaache Schierm ugezu ginn.
Genee dat schéngt dann och de Succès vum Geschäftsmodell auszemaachen, deen doranner besteet, an all Café, Bar, Club an neierdéngs souguer Restaurant Glotzmaschinnen opzehänken, an dorobber Reklammen ze verkafen. Awer net iergendwellech, a scho guer net déi, déi soss och op der Tëlee lafen. Nee, do wou de Béier 4 Euro a méi kascht, do mussen et Reklamme si fir Saachen, déi sech u Leit adresséieren, deenen hiren Ego ëmgedréit proportional ass zu hirem Kontostand.
D'lescht Kéier dass ech a Clausen onfräiwëlleg Tëlee kucke war, ass do zum Beispill all Véierel Stonn ee Filmche gelaf vun enger Firma, déi, kee Witz, Yachte verkeeft. Oder ass dat just ee Service vum Cafetier um Client, dee sou Stéchwierder geliwwert kritt fir d'Gespréich mat där deierer Joffer um Comptoir? Wat am Programm anscheinend och ni feelen däerf si Reklamme vu Leit déi engem den Auto wäschen, virausgesat et ass een italieneschen oder däitsche Sportswon, an anere Leit, déi engem sou eng Schleider iwwerhaapt mol verkafe wëllen.
Fir de Programm ofzeronnen ginn et dann nach Reklamme fir d'Feierwaasser hannert dem Comptoir. Wann ee sech schonn tréischte muss, well ee sech déi Saachen aus der Reklamm net leeschte kann, da wéinstens mat deierem Alkohol. Mat der Tëlee doheem ass et jo sou: wie keng Reklamm gesi wëllt, bezilt extra.
Ironescherweis ass et dobausse mëttlerweil genee ëmgedréit: wie keng Reklamm gesi wëll, bezilt manner, a geet dohi wou Gedrénks nach bëlleg ass. An de gudden ale Bopebistro.