Wat ass d'Medianne?

D'Christiane Kremer
Gëschter war se richteg an d'Aktualitéit geplatzt: d'Nouvelle vum Statec, datt d'Frae méi verdénge wéi d'Männer. Natierlech lauschtert een dann zweemol. Wéi war dat? An da fält engem den Detail op: Frae verdéngen dem mediane Salaire no méi wéi d'Männer.
Upps, a wat heescht dat, de mediane Salaire? Ech hunn emol probéiert, eng Erklärung ze sichen.
D'Medianne, hunn ech fonnt, ass déi Zuel, déi an der Mëtt steet vu Wäerter, déi een der Gréisst no sortéiert. Als Beispill: Huet een d'Zifferen 1, 2, 4, 10 an 30 niefteneen, dann ass d'Medianne 4. Also d'Zuel an der Mëtt.
An dat ass net d'Moyenne. Géife mer d'Moyenne rechnen vun alle Peien, da géif do vill méi eng héich Zuel erauskommen. Am Fall vun eisem Beispill wier dat 9,4.
Mä et ass d'Zuel an der Mëtt, déi hei zielt a bei där steet fest, datt 50% méi a 50% manner verdéngen, wéi dee Mëttelwäert. Net ganz einfach. Am Fall vun der Statec-Etude läit dee Wäert bei dem mediane Salaire vun de Frae méi héich wéi bei den Hären.
Mathematesch kloer, mä soss? Wat beweist dëst Gerechens?
Am Resumé, sou de Statec, kann dat confirméieren, datt Fraen dacks e bessere Schoulofschloss hunn - dat ass net nei. Dofir fanne se dann och besser bezuelte Plaze, zum Beispill am Enseignement. Och dat ass net nei!
An da kënnt dat, wat mathematesch net muss komplizéiert nogerechent ginn: Op de spéidere Chefplaze sëtzen an der Haaptsaach Männer a seele Fraen. Sécher ass dat ganz dacks e private, perséinleche Choix vun de Fraen.
D'Polemik, ob dat elo gerecht oder ongerecht ass, diskutéiert sech op engem anere Plang. An do misst een net de präzise Mëttelwäert, mä de richtege Mëttelwee am éiwege Chancëgläichheetsthema fannen.