Telefonéieren ass esou einfach ewéi Bonjour. Wann een da mol bis erausfonnt huet, mat wiem een et ze dinn huet ...

Ass et e Staatsgeheimnis? Fäerten se eng weider Oflauschteraktioun? Oder firwat wëllen esouvill Matbierger léiwer "incognito" bleiwen?

Ech si sengerzäit vu mengen Eltere geléiert ginn, datt ee säin Numm seet, wann een telefonéiert. Fir säi Gespréichspartner um aneren Enn vun der Leitung net am Onkloren ze loossen, mat wiem deen dann elo an nächster Zäit kommunizéiert. Op d'mannst emol, wann ee selwer déi aktiv Roll iwwerhëlt an urifft. Et erfuedert e Minimum un Héiflechkeet, fir sech dee Moment virzestellen. U sech ganz normal a logesch. Do misste mer eis jo eens sinn, oder?

Elo dann awer séier eriwwer bei deen anere Fall. Well do ginn d'Meenungen anscheinend auserneen. Wéi äntwert een, wann den Haustelefon rabbelt oder den Handy bimmelt? Mat oder ouni? Fir et direkt ze soen: mech stéiert et, wann ech op där anerer Säit mat "Ja?" oder "Allo?" empfaange ginn. Dat kléngt neutral, onperséinlech, onmanéierlech. Ech wëll wëssen, wien op där anerer Säit ophieft, resp. d'Gewëssheet hunn, datt ech mech net verwielt hunn.

RTL

Sou, dat ass meng Opfaassung. Vläicht deelt der se mat mer. Wann net, da muss et jo awer eng Ursaach ginn, fir säin Numm net ze nennen, wann een d'Verbindung entgéint hëlt. Et ginn der, déi argumentéiere mat negativen Erfahrungen, mat Belästegung oder Frechheeten, déi se dozou bruet hunn, sech net méi mam Familljennumm ze mellen. Anerer soen, et géingen dach souwisou ëmmer nëmmen déi uruffen, déi ee kennen. En auserwielte Krees vu Persounen, Frënn a Famill. Déi wësse jo, wou se landen, wa se meng Nummer wielen. Zemools, wann et och nach eng Secretsnummer ass, déi net am Telefonsbuch opdaucht. An iwwerhaapt: deen, deen urifft, hätt jo gären eppes vu mir. Also ass et un him, fir sech "auszeweisen", sech virzestellen, den éischte Schrëtt ze maachen. Ze froen, ob ech dann och elo dee sinn, deen e wollt kréien. An net ëmgedréint.

Tjo, géint esou eng Astellung kënnt een nëmme schwéier un. Wann iwwerhaapt. Vläicht ass et och déi gutt - meng gëtt op alle Fall net. Den Numm verréit anscheinend villes iwwert de Charakter. So mer, wéi s de heeschs an ech soen der, wien s de bass. Mä wann s de net wëlls ... Dowéinst hänken ech dann och elo an!

AUDIO: Apropos

RTL