"Trust a Frust"

„Trust“- a Frust net nëmmen 2 Wieder déi no beienee leien. Apropos, dem Fern Mathes säin „Trust“ oder Vertrauen ass ferm gerëselt ginn..
Vläicht gehéiert dir och zu deenen, déi sech fir d' neit Joer „Date-Sécherheets-technesch“ hu missen nei opstelle fir sech iwwer Internet kënne bäi enger Administratioun anzeloggen.
Et gëtt engem jo am Fong ee gutt Gefill, wann et Leit gëtt, déi sech d' Käpp zerbrieche fir datt mier de „Webbraconnieren“am Datendschungel net hëlleflos ausgeliwwert sinn.
D'Firma vun eisem Vertrauen heiheem, proposéiert jo schonn eng Zäitchen 4 Méiglechkeete fir gutt ofgeséchert mat eiser Bank oder mat Administratiounen iwwer de Web kënnen ze kommunizéieren. Ech hunn elo, no Ufanksschwieregkeeten, mat mengem Token kee Problem méi. Leider sinn ech, wéi vill aner och, aus techneschen Ursaachen opgefuerdert ginn op de Stick ëmzeklammen. Eleng beim Gedanken dorunner krut ech schweesseg Hänn, well bäi där Prozedur virun 3 Joer hat ech e Putsch gro Hoer Gratis derbäi kritt.
An ech sinn och net enttäuscht ginn. Nom Hin an Hir vun de Sécherheetspaperassen hat ech tëscht de Feierdeeg, déi néideg Hardware, déi néideg Coden, déi néideg Rou an de Courage fir mech fräizekafen, äh fräizeschalten...
Ech hat mech gewëssenhaft eragelies, all Pabeiere prett a sinn och ouni Hick bis op dee Punkt koum, wou ech da voller Houfert meng nei PIN konnt aginn, déi ech virdru selwer hu missen definéieren. Ma du stoung de Buttek! Dobäi hat ech mer all Méi ginn, fir ee suedelfest alphanumerescht Passwuert mat Grouss- a Klengschreiwung ze definéieren, esou wéi all IT-Expert et recommandéiert.
Ma d' Kar stouch fest.
No de Feierdeeg hunn ech a menger Verzweiwelung ëm Hëllef telefonéiert an hat och ouni laang Gewaarts (wat op den Helplinen nach laang net normal ass) eng frëndlech Damm, déi mer wollt weiderhëllefen. Ech hunn hir mat Suergfalt an Demut meng Prozedur erklärt a si och nach gefrot, op dat an der Rei wier, datt ech en alphanumerescht Passwuert gewielt hätt.
„Hutt dir e Mac“ wor déi knapp Fro vun der Madame.
„Äh jo, ass dat e Problem“?
„Beim Mac dierft der just Zifferen als Pin benotzen.“
Ech hunn nach gemengt, eng Zeil doriwwer op den villen Ziedelen oder Internetsäiten, géif wahrscheinlech fill Frust an Uriff op der Helpline erspueren, ma dorop krut ech keng Äntwert méi.