Zu Lëtzebuerg si mer all Joer gebieden op d'mannst 25 Deeg Congé ze huelen, op mer wëllen oder net, dobäi kommen nach Feierdeeg, an nach emol iwwer 100 aner fräi Deeg, déi mer gemenkerhand Samschdeg a Sonndeg nennen. Dat ass also iwwert een Drëttel vum Joer wou mer net op eis Aarbechtsplaz gelooss ginn, a mer eis also anescht beschäftege mussen.

Zum Gléck gëtt et d'Vakanzfoire.

Hei gëtt ee gewuer, wou d'Rees higeet. An der Zäit war Reesen een Erliefnis fir d'Liewen. Nach haut kréien d'Kanner am Däitschkuer vum Goethe senger Italienreise gezielt. Haut ass eng Vakanz an Italien scho rëm bal eppes banales. Mä dat gëllt och fir aner Destinatiounen, a Schold drun ass, wéi sou oft, Féissbuch.

Säit Féissbuch ass eng Rees net nëmmen Erhuelung, mä och Statussymbol. Mat Fotoe vu Gran Canaria kann een do net méi punkten, där huet jiddereen. Wie gären e puer Likes méi hätt, muss schonn eppes spezielles opweises hunn, soe mer d'USA. Mä och dat ass scho Mainstream. Den aktuellen Trend ass dat exotescht, authentescht, nohaltegt. Tourismus wou et nach keng Touriste gëtt, oder op d'mannst emol, wou ee mengt dass nach net vill Lëtzebuerger ronderëm getrollt sinn. Wéi wär et mam Laos, mat Burma, Äthiopien oder Kolumbien? Mä hu se do eigentlech Wifi? Mir géife jo alt gär reese wéi den Humboldt, d'Ruine vun den alen Tempelen alleng mam lokale Guide nach selwer entdecken, a stellen da fest, dass et längst eng Autobunn dohinner gëtt, ee risegen Opfangparking, ee Visitor's Center mat Restaurant an Souvenir-Shop. Dat ass da guer net méi flott, et ass alles sou … touristesch. Wäit a breet keng Aarmut ze gesinn. Guer net méi authentesch. Alles sou kommerziell. Wéi kéint et bei enger Milliard Touristen op der Welt, déi all eppes authentesches wëlle gesinn nohalteg och anescht goen? Keng Infrastruktur a schlecht Stroossen, wa méiglech nach Reen, an dann och nach Heeschekanner, dat gefält dem Lëtzebuerger jo och net. Da léiwer an de Schwarzwald, wéi déi lescht 10 Joer schonn, dat ass ee gewinnt, do ass ee bekannt, do kennt ee sech aus.

A wann dat bis eng Kéier langweileg gëtt, kann ee jo ëmmer nach Tourismus doheem maachen.