De Wanter ass do an huet eis gutt am Grëff mat Schnéi a Glëtz. E Sonndeg ass wuel deen een oder aneren un d'Rutsche komm - hoffentlech näischt Schlëmmes –, mä dee Wanter huet awer och seng schéi Säiten. Wien den Auto stoe gelooss huet an zu Fouss duerch d'Natur getrëppelt ass, huet zum Beispill ganz besonnesch Planze begéint: richteg Äisblummen an Äisblieder.

RTL

Gëschter Moie koum nach en anert Bild derbäi an eng onerwaarten Trafic-Informatioun um Radio: Zu Beetebuerg stoung e Känguru am Gruef nieft der Strooss. E Känguru, fortgehoppst am Beetebuerger Park. Den héije Schnéi hat dem Déierchen Elan genuch gi fir iwwer den Zonk ze sprangen, matten an déi wäiss Fräiheet. Séier war et nees agefaangen an zeréck am waarme Park, do, wou et sécher, awer net sou schnuckeleg ass wéi an Australien, där Heemecht vun dësen ongewéinlechen Déieren.

RTL

© Police

Déi aner Säit vum Globus schweessen se nämlech den Ament bei 40 Grad Celsius: d'Känguruen an d'Sportler.

Net nëmmen d'Spëtzentennisspiller si bei den Australian Open am Asaz, mä och d'Cyclisten triede vun haut un am Down Under an d'Pedallen. Mat dobäi ass no laanger Zwangspaus och den Andy Schleck, deen een op éischte Fotoe vun dohanne konnt gesinn, wou hie ganz begeeschtert vun engem klenge, wuschelege Känguru ass.

Dat ware gläich zwee Känguruen nieft eneen op rtl.lu gëschter. Et huet léif ausgesinn a vläicht och e bëssi symbolesch. Dem Andy Schleck, géing een no der laanger Paus, dach och emol nees en héije Sprong vergonnen.

Just keen, dee wéi deet.

Apropos "Um Sprong"