D'Mënschheet wär nach ni sou mobil wéi haut – woubäi de Mënsch selwer sech sou mann beweegt wéi nach ni virdrun.  Am Kontext vun dësem moderne Paradox, deen haaptsächlech op Käschten vun eiser Gesondheet geet, wollt ech mol froen wéi Dir dann am Léifsten duerch d'Liewe kommt?  Loosst der Iech léiwer iwwerzeegen, matrappen also zéien oder iwwerhuelt der léiwer d'Initiativ, wëllt iech duerchsetzen an dréckt? Äntwert heirobber ass wuel vill ofhängeg vum Kontext: wie schlecht drun ass an eng schwéier Zäit duerch mécht ass meeschtens frou, fir eng Hand dohi gehal ze kréien an e bëssen matgerappt ze ginn. Sou wéi am Moment um Schnéi: do  ginn déi meescht léiwer gezunn – um Schlitt oder och soss, well wann een do dréckt, da geet en nawell gär op d'Suckel. A wat zu Fouss stëmmt, gëllt och fir dem Lëtzebuerger säi léifstent Spillgezei: den Auto!

E Samschdeg geet et lass: Editioun 2013 vum gedréckt oder gezu ginn a wie ganz onsécher op de Been ass, kann zënter Joeren och op 4 Schlappen ënnerwee sinn. Spéitstens um Autofestival, also um Rendezvous vun all deenen, déi gär mobil sinn a sech dobäi selwer net wëlle midd maachen, ass et abeemol ganz wichteg, wéi de Woen sech beweegt – an et gëtt ganz genee gekuckt, ob de Buttek gezunn oder gedréckt gëtt.

Well och hei gëllt: um Schnéi ass et méi einfach sech zéien ze loossen wéi gedréckt ze ginn – Traktion ass der Propulsion haushéich iwwerleeën. Ass et dann awer eriwwer mam Schnéi a mam schlechte Wieder, dann ass et beim Auto wéi am Liewen: an d'Sonn loosse mer eis gären drécken, weisen eis gären sportlech an dynamesch  - et mécht einfach méi Spaass , am Liewen wéi och op der Strooss.

Wat de 4x4 ubelaangt, sou gëllt och hei d'Analogie tëscht Mënsch an Auto: wien net matten am Bësch oder um Feld ënnerwee ass, kompenséiert domadder gemengerhand eng Zort Inkompetenz: beim Puppelchen, datt en nach net goe kann, an d'Natur nach ëmmer der Meenung ass, et wier besser op 4 Patten ze dabberen, wéi permanent an iwwerall mam Kapp anzeknuppen. Am Auto ass et eng Hëllef fir awer all Kéier ze kréien, egal wéi inkompetent de Mann oder d'Fra hannert dem Steier dann ass. Eenzegen Ënnerscheed: Dat mat de 4 Patten gëtt sech beim Mënsch iergendwann vum selwen, wougéint Evolutioun vum moderne Stroosseverkéier ouni déi wierklech ëmweltfrëndlech Allradtechnik bal net méi virstellbar ass.