De Wanter huet d'Ländchen zanter e puer Deeg fest am Grëff. Deenen engen hir Freed - deenen aneren hirt Leed, d'Automobiliste soueren an d'Kanner freeën sech. De Gibbes Bertolo "freet" sech och: wéi laang nach ?

Mir waren och e Sonnden an der Stad, am Péitrussdall, a sinn de Schlittenhiwwel erofgejauft. Sou wéi mer dat schonn zanter e puer Joer maachen, wa Schnéi läit. A mir waren net déi eenzeg. Vill Kanner, och där méi grousser, mat an ouni Elteren hu sech op hirem Schlitt oder op engem einfache Plastiksdeckel dee wäissen Hang erofrutsche gelooss. Souwäit esou gutt. Owes, wéi mer nees doheem waren, hu se um Radio gesot, datt et en Accident ginn hat am Péitrussdall. E Meedchen hat d'Kontroll iwwert säi Schlitt verluer an huet mat relativ eeschte Blessure mussen an d'Klinik ageliwwert ginn. Him vun dëser Plaz eng gutt a séier Besserung.

Jo, ech muss zouginn: dee Schlittenhiwwel, matzen an eiser Stad, huet et a sech. Do geet et hellewech, deem engen oder aneren och vläit e Strapp ze séier. Bis ewell konnt jo nach dat Schlëmmst verhënnert ginn, mä e Sonnden elo louch d'Kand op eemol am Pëtz. Konsequenz: den Dag drop koum e Communiqué vun der Stad Lëtzebuerg an deem ë.a. drun erënnert gëtt, datt et verbueden ass, Wantersport am Péitrussdall ze bedreiwen, notamment um sougenannten "Schlittenhiwwel". Ech wosst dat bis ewell net, hunn iwwregens e Sonnden och néierens en Hiwäis op dee Verbuet erbléckst, loosse mech awer gär beléieren. Op alle Fall huet och e puer Stonnen nom Ongléck keen dem Vollek seng Wanterfreed gestéiert.

No risk, no fun ? D'Meenunge gi wuel an dësem Fall, wéi sou dacks, auserneen. Fir mech war dee Schlittenhiwwel am Péitrussdall bis elo ëmmer sou eppes wéi eng Zort "wanterleche Patrimoine". Et hat einfach eppes, wa Kleng a Grouss deem riesege wäisse Fleck nieft der Neier Bréck mat hire faarwege Mäntel a Mutzen a mat hirem Gejäiz a Gelaachs Liewen agehaucht hunn. Et war e charmante Pleséier, och fir déi, déi einfach nëmmen nogekuckt hunn. Dann ass et also domadder eriwwer, fir net ze soen: mir sinn drun erënnert ginn, datt et nach ni erlaabt war, déi Wiss mam Schlitt erof ze fueren. Mol gespaant, op dat a nächster Zäit dann och agehalen a vrun allem kontrolléiert gëtt.

Mä, sou ganz ënnert eis: alles nëmmen hallef sou wëll. Bei eise belschen Noperen si se vill méi kamëss. Do ass et dach elo net an zwou flammännesche Gemengen (an et sollen der nach nokommen) verbueden, mat Schnéiklatzen ze geheien. Argument: eng Schnéiklatz ka grad sou vill Schued uriichten ewéi e Steen. Wien erwëscht gëtt muss bis zu 100 € a méi berappen.

Ech wëll jo net den Däiwel un d'Mauer molen, mä enges Daags kréie mer och nach gesot, datt et net méi erlaabt ass, e Schnéimännchen ze bauen. Firwat? Leet Äre Kapp a Rou - se fanne bestëmmt nach eng Ursaach ...

RTL
Apropos: Wanterfreed
RTL