Eng Schnéikanoun fir Colmar Bierg

Trotz Klimawandel a Global Warming ass et all Joer dat selwecht Bild:
Fréier oder spéider falen e puer Flacke Schnéi, d'Äiszäit brécht aus, an d'Apokalypse iwwert eis Stroossen eran. Et ass d'Zäit vum Joer wou d'Leit um Schnéiplou entweder d'Buhmänn vum Déngscht sinn, well awer ëmmer nach iergendwou e puer Grimmele Schnéi läit, oder zu Helden deklaréiert ginn, well si alleng kapabel sinn, d'Infrastruktur vun der westlecher Zivilisatioun oprecht erhalen.
Zouverlässeg däerf een um Büro ze spéit kommen, an zouverlässeg däerf een dat justifiéiere mat dem schreckleche Behuele vun deenen aner Autosfuerer, déi jo alleguerten d'Gehir ausschalten, soubal se e bësse Wäiss virum Capot gesinn. Wann een d'Flacke scho knapps nëmme riche kann, sinn ausser engem selwer all déi aner op der Strooss nach schlëmmer ënnerwee wéi am Summer d'Hollänner mat Roulotte, oder d'Belsch, déi de Führerschäi bekanntlech op der Gemeng kaf hunn, amplaz an d'Fuerschoul ze goen. Vun de Fransouse mat hiren 15 Joer ale Peugeot 205 Diesel mat Summerpneue guer net ze schwätzen.
Vive de Cliché! Ëmmer sinn et déi aner, déi Schleeken, well ee selwer ass een um Schnéi sou routinéiert ënnerwee, dass souguer de Ghirardelli nach eppes léiere kéint.
Mä wat maache mat all deenen, déi am Wanter d'Stroossen onsécher maachen, mä einfach net op de Bus ëmklamme wëllen? Wéi wär et fir all Fuerufänger mat engem obligatoresche Stage am Ausland, iergendwou a Skandinavien, der Schwäiz oder Kanada, do läit éiweg Schnéi an awer leeft de Verkéier net an Zäitlupp? Oder, manner witzeg, mä méi realistesch, mat enger Schnéikanoun fir Colmar Bierg? Sou kéint op d'mannst de Fuerufänger, zu all Zäit vum Joer, hier Schnéiphobie ausgedriwwe ginn, soulaang se nach am Stage sinn.
Bis et souwäit ass wäerten awer wuel nach eng ganz Partie Leit sech net anescht ze hëllefe wëssen, wéi mat engem Urbane Panzer, SUV genannt, bei deenen ironescherweis de 4x4 ëmmer méi oft duerch ee méi bëllegen 2-Rad-Undriww ersat gouf... wat d'Schliddere betrëfft ass dat wahrscheinlech eppes wéi de Snowboard ënnert den Autoen ...