Jo den Dschungel ass eriwwer an ech hunn en nees verpasst. Bewosst oder bal bewosst, well ech hat och déi Kéier probéiert mech kuerz anzeschalte fir op d'mannst kënne matzeschwätzen. Mä- an ech wëll mech elo net bretzen- et huet mech net gepaakt an ech hunn zimlech séier weider gezappt. Dobäi sinn ech dunn op eng aner Chaîne gestouss an op eng Emissioun mat Titel gestouss „Wir dürfen uns nicht verlieben!“, deen Titel huet natierlech virwëtzeg gemaach. Allerdéngs ass mer séier bewosst ginn, datt et net ëm eng Sitcom zum Thema Léift oder eng Reality-TV-Serie géing goen, mä ëm en Documentaire, deen déi tragesch a reell Geschicht vun zwee Mënschen duergestallt huet.

E Mann an eng Fra, déi sech all Dag an der Klinik begéinen um Krankebett vun hire jeeweilege Partner, déi allen zwee am Wachkoma leien. Deen deeglechen Austausch an den Trouscht bréngen se méi no. Si mierken, datt et méi wéi Sympathie ass a wëssen awer, datt et net geet. Hir Partner si Fleegefäll a brauchen se. Hir Kanner och.

D'Geschicht vun der Koppel, déi um Enn awer zesummefënnt a probéiert jidderengem gerecht ze ginn, awer e bësschen och sech selwer, huet mech deen Owend beréiert an zënter hir hunn ech méi wéi eemol mussen drun denken.

D'Liewe schreift definitiv net ëmmer einfach Geschichten, mä heiansdo maachen sou Geschichten engem et selwer méi einfach.

Méi einfach am Alldag mat sengen eegene klenge Boboen oder Misèren eens ze ginn. Et sinn och sou  authentesch Geschichten, déi  Courage a Freed maachen, déi ee motivéiere säi Bescht ze maachen an och ze laachen, wann et dorunner ass.

Och ouni inszenéiert Storyen a wëller Natur.