D'Kinnigin ass ... zwar net dout, mä: "De Kinnek soll laang liewen!" oder "Vive de Kinnek!"

Ech hätt virgëschter ze gäre Maische gespillt, zu London am Buckingham Palace. Folgenden Dialog hätte meng Oueren do wuel ze héiere kritt: "Mamm ... hues de dat matkritt? Deng Frëndin Beatrix léisst elo de Bouf op den Troun. Wéini ass et dann endlech u mir?" "Ma Charel, déi Diskussioun hate mer dach schonn dausend mol. Ech bleiwe bis eiser Här decidéiert, datt et duer geet. An dann dierfs Du ... oder Däi William - gitt Iech eens ..."

An Holland passéiert also den 30. Abrëll dat, wat sech a Groussbritannien schonn zanter Joeren erwaart, vläicht och erhofft gëtt: d'Kinnigin dankt of an iwwerléisst hirem eelste Fils d'Rudder vun der Monarchie. 33 Joer um Troun ginn duer. Bei eisem Grand-Duc Jean waren et der 36, ier den Henri virun enger Dose Joeren d'Land an d'Hänn geluecht krut. Just d'Queen wëll et, och nom Diamante-Jubiläum vun zejoert, bis zum batteren Enn aussëtzen.

Ophalen, wann et am schéinsten ass ? Dat trëfft hei wuel kaum zou, weder op der Insel, nach an Holland. Ophalen, wann een ëss genuch huet ? Passt iergendwéi och net, well dat kéint drop hindeiten, datt ee keng Loscht méi huet. Ophalen, well et ganz einfach un der Zäit ass ? Dat klengt scho besser a plausibel. Leider hu vill Zäitgenossen déi Realitéit ëmmer nach net erkannt, resp. wëllen se net erkennen. Oder firwat wëll en Här Berlusconi mat 76 Joer um Bockel a knapp 6 Milliarden Euro um Kont ëmmer nach net un d'Pensioun denken ? Besiess vun der Muecht, puren Egoismus, an dësem Fall souguer Narzissmus.

Natierlech provozéiert e Generatiounswiessel d'Gefill, elo zum alen Eisen ze gehéieren. Et ass awer och a virun allem en Zeeche vu Gréisst, wann ee souzesoe fräiwëlleg un deen nächste weider gëtt. Net nëmmen a Kinnekshaiser mä iwwerall do, wou d'Relève opgebaut gouf a prett ass, fir d'Erausfuerderung unzehuelen.

Vläicht huet der Kinnigin Beatrix hir Decisioun dësen oder deen drun erënnert, datt et souwäit ass. Time to say goodbye ... Heiansdo muss ee mat Zäite goen, fir mat der Zäit ze goen. Dat brécht kengem en Zack aus der Kroun ...

Apropos
RTL