Raute wénken

Ech wollt iech haut eppes twitteren, dir kënnt dann och gläich en hashtag virun apropos setzen.
OK Paus, dëst ass net Plaz fir mat Wieder ronderëm sech ze schmäissen, déi net jidderengem geleefeg sinn. Déi Leit, déi Twitter als Kommunikatiounsform notzen, wësse genee wat en „hashtag“ ass, dat ass d‘ Raut, déi ouni Espace virun e Wuert gesat gëtt, fir et ze marquéieren an als Sujet ze regroupéieren.
Et geet jo duer, wann ee weess wat gemengt ass, geldiert?
Dat ass jo dee klengen Avantage vun eiser moderner Form, fir ze communiquéieren, datt mer eis, et ass nun emol esou, op d’ Englescht gëeenegt hunn fir d’ Saachen ze definéieren an dat ass an engems d’ Basis fir eng global Kommunikatioun.
Si mer eis all eens?
Bal.
Do gëtt et ee Land, mat enger wonnerschéiner Sprooch, mat enger räicher Kultur an engem genossvolle savoir-vivre, wat sech mat Hänn a mat Zong géint dës universal „Verengleschung“ stäipt, wou d‘ Sprooch vum Racine a vum Molière och nach haut muss duerhale fir d‘ Saachen esou kreativ ze bezeechnen, datt se wuel schéi klengen awer soss kee Mënsch op der Welt versteet, wat gemengt ass.
De Jemp Schuster huet sech a sengem Cabaret „et geet elo duer“ och an engem flotten Text domadder ausernee gesat an hält z. B. treffend fest, datt ee „portable“ alles ka sinn; wann ee seng Fra beispillsweis op Hänn dréit, oder kann droen, si forcément och eng „portable“ wier.
Zeréck ower bäi den hashtag. Viru genee enger Woch ass a Frankräich am Journal Officiel vun der Comission générale de terminologie et de nécrologie, pardon néologie matgedeelt ginn, datt d‘ Fransousen sech hir subtil Zongen net méi un deem gräisslechen Anglicissem „hashtag“ musse briechen, ma an Zukunft dofir „motdièse“ solle soen.
Heiriwwer ass och am Hexagon eng grouss LOLade, pardon Rigolade ausgebrach an et si scho vill “textoën” a “courrielën” iwwer den Ordi de portable intelligent oder den Ordi tabulaire verschéckt ginn, respektiv „gazouilléiert“ ginn, well dat wier jo da wuel dat franséischt Wuert fir „twitteren“.
Hoffentlech hu se net vergiess en hashtag virun d’Rautewuert oder besser de „motdièse“ ze placéieren, da fënnt een et besser erëm.