Alles op d'Pist!

D'Fuesvakanz réckelt méi no an domatter och de Grand Départ vum Grand-Duché op d'Skipisten. Op an der Schwäiz, Éisterräich, Frönkreich oder Däitschland, d'Skihuesen däerfen sech scho mol waarm undinn an d'Hotelieren d'Hänn reiwen.
Mä no wéi enge Kritäre siche passionéiert Knéikanounen hir Destinatioun eraus? Ee ganz wichtegen, sou schéngt et, ass d'Gréisst vum Skigebitt an deemno d'Längt vun de Pisten. Wann déi et net wéinstens op déi selwecht Kilometere wéi eisen Autobunnsreseau bréngen, huet et guer kee Wäert, iwwerhaapt emol an de Skilift ze klammen, well ee soss méi schnell de Bierg erëm erof ass, wéi sengerzäit den Armstrong dee selwechten erop pedaléiert ass. Dass et op d'Längt net ukënnt, gleewe souguer déi net, déi Kuerzer hunn.
An dofir gëtt et mat den Zuelen dann och net ëmmer sou genee geholl. De Christophe Schrahe, senges Zeechens Auteur a Kartograph, huet nogemooss, an ass, wéi sou oft, wann een dat mécht, zu erstaunleche Resultater komm.*
D'Géigend vum Stubaier Gletscher zum Beispill mécht Reklamm mat 129,5 Kilometer Pisten déi se hätten, tatsächlech sinn et der awer nëmmen 48. Souguer wie breet Schlaufen zitt, amplaz riicht erofzewedelen, kënnt do net op déi affichéiert Längt.
Zu Kitzbühel wëllen se sech op déi Zort Diskussioun guer net mol aloossen. Fräi nom Motto, dass et net op d'Längt eleng, mä och op d'Breet ukënnt, rechnen se do an Hektar. 573 Hektar Pistë wëllen se hunn. Eise Mann huet nogerechent, dass déi dann allerdéngs uerg breet misste sinn.
Dass d'Grande Nation sech do natierlech net hannen ustelle wëll, ass kloer. An der Région des Trois Vallées läit den Ënnerscheed tëscht dem Katalog an der Realitéit bei net manner wéi 107 Kilometer.
Vläicht ginn och dofir regelméisseg Skifuerer iergendwou ënnerwee verluer, op Pisten, déi et guer net gëtt.
Nodeems d'EU jo schonns d'Gréisst vun de Bananne genormt huet, kennt se demnächst da vläicht op d'Iddi, d'Moosse vun den Skipisten ze harmoniséieren. Ganz am Sënn vum Verbraucher natierlech. De Lëtzebuerger Skifuerer, traditionell méi un der Längt vum Comptoir wéi där vun der Pist interesséiert, dierft dat wuel éischter wéineg beandrocken.
* "Die Vermessung der Pisten", Frankfurter Allgemeine Sonntagszeitung vum 27. Januar 2013.