Parkgemeinschaft

Ëmmer dann, wann een der brauch, huet ee keng an der Täsch: Mënz! An et brauch een der meeschtens dann, wann ee presséiert ass a wa wäit a breet kee ronderëm ass, deen engem kann e Schäi wiesselen. Bescht Beispill: wann ee voller Begeeschterung eng Parkplaz fonnt huet an da séier nom Automat sicht fir sech en Ticket ze zéien. Fréier- dat ass emol nach net esou laang hir- konnt een nach seng geluede Mini-Cash-Kaart benotzen, mä déi gëtt et jo net méi. Verschidden Automaten huelen entretemps och d'Kreditkaart, dat stëmmt an et gëtt och de System fir mam Handy ze bezuelen, ech weess. Also eigentlech keng Ausried, wann een net agehäit.
Mä wann et dann awer geschitt, dann hoffen ech alt datt fir déi kuerz Zäit kee kontrolléiere kënnt, well ech ka jo net einfach iergendeen usprieche fir en Euro geléint ze kréien.
Heiansdo ass d'Situatioun dann awer och ëmgedréint an et geheit ee méi an, wéi ee brauch. Gutt, soen ech mer, dann ass et alt fir déi Kéiere mat, wou ech net genuch bei mer hat a mech e bëssi derduerch gefuddelt hunn.
Mä et geet awer an esou enger Situatioun och anescht. Vrun 2 Wochen hunn ech mäin Auto an der Mëttesstonn op e Parking gesat a wollt grad en Ticket drécke goen, wéi ech gemierkt hunn, datt am Auto nieft mer eng Dame souz ze waarden. Wéi ech erausgeklomme sinn, huet si mech geruff. Si koum bei mech an ech duecht si wéilt mech froen, ob ech vläicht Mënz hätt. Mee nee, déi frëndlech Madame huet mer a gebrachenem, awer sympatheschem Lëtzebuergesch hiren Ticket ugebueden. Si hat nach eng Stonn fräi Parkzäit drop a war mat hire Kommissioune scho fäerdeg.
Ech war sou iwwerrascht, datt ech um Ufank guer net richteg gezündt an verstanen hunn.
Eng Stonn- sot ech- ass e bëssi knapps fir mech.
Schued, sot d'Madame.
Mä dunn hunn ech mer et anescht iwwerluecht an den Ticket geholl. Wat ech hir da soll dofir ginn, hunn ech nach gefrot?
Ma näischt ech schenken iech deen, sot d'Madame an ass duerno fortgefuer.
Ech hunn den Ticket a mäin Auto geluecht a sinn iesse gaangen. Dëse klengen einfache Geste hat gutt Laun gemaach a gudden Appetit.
Dofir war ech och e bëssi méi laang wéi eng Stonn fort! Mä dat hat kee gemierkt.