Gëschter hu mer Iech jo mat eisem Themendag souzesoen agestëmmt, haut geet et dann offiziell lass: d'Fuesend 2013 ...

Elo ass se also do, déi 5 Joereszäit. Vun haut un geet d'Land nees fir e Strapp getrennte Weeër. Op där enger Säit déi, fir déi elo déi flottste Woch vum Joer ufänkt, anerersäits déi, déi e Kräiz maachen, wann et nächste Mëttwoch endlech eriwwer ass. Obwuel: déi Lëtzebuerger Fuesend zitt sech jo nach bis Halleffaaschten, mir gesinn dat net esou enk.

Et soll ee jo net ëmmer vun där "gudder aler Zäit" schwätzen, fréier, wéi alles nach besser war. Mä dat läit wuel an eiser Natur, dat war nach ëmmer esou a wäert och wuel éiweg esou bleiwen. Fréier also, oder anescht ausgedréckt: "zu eiser Zäit", do ass een nach zolidd op Fuestournée gaangen. Donneschdes den Altweiberbal, Freides op d'Musel, Samschdes an de Minett, Sonndes op d'Fiesta, Méindes ... ech weess et net méi ... an Dënschdes dann, fir ofzeschléissen, e leschten Effort zu Iechternach. Dat war 1 Woch knallhaarden awer onvergiessleche Fuesmarathon. Haut packt een dat net méi, aus biologeschen oder och soss plausibele Grënn.

Ech weess net wéi et bei Iech ass, mä ech hunn d'Gefill, datt mer all e bëssche saturéiert sinn. Après-Ski-Partien a Malle-Baler drop an derwidder, Oktoberfester zu all Joereszäit ... et vergeet kee Weekend wou sech net d'Geleeënheet bitt, de Batti eraus ze loossen. Do huet d'Fuesend dach eng Grëtz un Exklusivitéit agebéisst. Schued, mä dat ass nun mol esou.

Zeréck awer nees bei déi getrennte Weeër: Fuesgecke vs. Spaassbremsen. Ech fannen, datt béid Parteien nach ëmmer relativ gutt laanschtenee komm sinn, firwat och net. Kee soll an dierf deem aneren seng Iwwerzeegung resp. e Stempel opdrécken. Wie Konfetti, Masken a Fuesmusek net verdréit soll op déi néideg Distanz goen. Déi Distanz erwaarden ech mer allerdéngs och vun allen "Altweiber", déi ëmmer nach mengen, se missten haut op dee verwurrelte Gedanke kommen, an eisereen "entmannen", andeems se den Hären d'Kravatt ofschneiden. Dat muss net (méi) sinn.

Fir de Rescht wënschen ech alle groussen a klenge Fuesboken eng flott an intensiv Zäit. Fir all aner, méi oder manner reservéiert Landsleit, gëllt: mir sinn zwar faul Säck mä schécken de Geck net an den Eck ...

RTL
Apropos: Fuesgedanken