De Frang ass gefall

Ob Primärschoul oder Grondschoul, ob 6. Schouljoer oder Zyklus 4.2 - zum Schluss gëtt all Kand orientéiert. Goufen am fréieren Opnamexame just Punkte gekuckt, sou gouf d'Orientatioun fir déi 'grouss' Schoul vun Ufank u méi breet ugesat. Nieft dem Schüler sengen Notten aus dem Joer koumen nach eng Rei Tester derbäi, an no Gespréicher mat alle betraffene Partner huet de Conseil d'Orientation eng Decisioun getraff. Elteren, déi mat der Entscheedung net averstan waren, konnte weiderhin en Opnamexame fir hiert Kand ufroen – e Recours, deen awer am grousse Ganzen d'Ausnam wor.
D'Prozedur ass och dëst Joer sou – mam eenzegen Ënnerscheed, datt mat dëser Rentrée och de leschte Relikt aus der Zäit vun der Primärschoul verschwonnen ass – nämlech déi all Punktenzensuren. Elo gëtt vum Cycle 1 bis 4 just nach no Kompetenzen evaluéiert – op mannst offiziell - an deem muss och d'Orientatioun Rechnung droen. Innovatioun ass a bleift awer e schwieregt Geschäft a wie sech nach un d'Aféierung vum Euro oder der europäescher Constitutioun erënnert, weess, datt dëst net exklusiv fir de Bildungsberäich gëllt, och wann d'Politik hei allgemeng net ëmmer eng glécklech Hand huet.
Kuerz: Wat d'Leit besser informéiert sinn, wat d'Innovatioun sech besser
ëmsetze léisst: Marketing ass Stéchwuert! Am Fall vun der Schülerorientatioun no Kompetenzen ass et eng Brochure, déi alle betraffene Partner, virop den Elteren, dës Prozedur einfach a verständlech erkläre soll. Mat Sécherheet eng sënnvoll Initiativ, déi um Pabeier - wéi sou oft – awer net richteg well opgoen. Sou muss ee gutt kucken, fir ze mierken, datt et eng Informatiounsbroschür ass a keen Testbild aus der Zäit, wéi d'Televisioun no 23 Auer näischt méi ze weisen hat.
Luewenswäert ass och d'Zweesproochegkeet vun dëser Publikatioun, also datt se souwuel op Franséisch wéi och op Däitsch ass. Méi glécklech wier et allerdéngs, wann déi zwou Sproochen och dat selwecht géifen aussoen. Do, wou de franséischen Titel vun „épreuves communes“ schwätzt, geet op Däitsch Rieds vun „nationalen Leistungstests“ - enger Iwwersetzung mat vill Spillraum.
Weiderhi sinn nëmmen d'Introduktioun an d'Conclusioun an deenen zwou Sproochen: Däitsch a Mathé ginn exklusiv op Däitsch erkläert, wougéint Franséisch an d'Beispill vum Schülerprofil nëmmen op Franséisch do stinn. Wien also als Elteren nëmme kompetent an enger nationaler Sprooch ass, deen huet hei ouni Hëllef vum Léierpersonal keng Chance.
Schued, well sou bleift och dës Opklärungscampagne letztendlech eng Aktioun vu Lëtzebuerger fir Lëtzebuerger - mam Virdeel, datt déi d'Beispiller all verstinn, och wann et heiansdo méi laang dauert, bis de Frang fält!