Gudden Appetit

Dat muss ee sech op der Zong zergoe loossen. Eng franséisch Firma léisst zu Lëtzebuerg am Optrag vun engem schwedesche Grupp vu belschen Employéë rumänescht Päerdsfleesch zu enger italienescher Spezialitéit verschaffen, déi dann an englesche Supermarchéen verkaf gëtt. Wëllkomm am europäesche Bannen- a Banannemaart! Déi Saach geet et puer Méint laang gutt, an dausenden Englänner stoppen sech mat bëlleger Lasagne voll, iwwerzeegt dovunner dass am Produit purt Rëndfleesch verschafft gouf. Eréischt duerch Tester am Laboratoire kënnt déi grausam Wourecht un d'Liicht : fir des Lasagne goufe keng Kéi, déi et souwisou net besser verdéngt hunn, duerch de Wollef gedréit, mä hëlleflos Ponyen an éierlech Dressurpäerd, op deene vläicht viru sechs Méint nach ee Kand reide geléiert huet. Wéi grausam kann ee Mënsch sinn, fir sou edel Déieren zu Gehacktes ze veraarbechten ? Woubäi, Päerd amplaz Randbéischt fir de Profit ze steigeren ass wuel ëmmer nach ee besseren, a reliéis méi neutrale Choix wéi Schwéngefleesch. Wat wär dat soss réischt ee Skandal ginn... zum aneren, vläicht hätt een am gemuelene Guss net déi selwecht Réckstänn Phenylbutazone fonnt wéi lo an der Päerdslasagne. Nodeems awer dausende Leit déi Lasagne giess hunn, an déi hinne souguer gutt geschmaacht huet, sollt Findus sech iwwerleeën, déi vläicht elo permanent an hire Programm eran ze huelen. Den eigentleche Skandal ass jo deen hei : dass anscheinend keen den Ënnerscheed geschmaacht huet. Wien als Konsument mat engem Bräi zefridden ass, deen nach just mat knapper Nout als Fleesch ze identifizéieren ass, vu wéi enger Zort och ëmmer, deen däerf eigentlech frou sinn, wann een am Labo herno amplaz Rëndfleesch just Päerdsfleesch dran erëmfënnt gëtt, an net och sympathesch Raten, zaart Kulangshuesen, säfteg Muppen, oder gesonde Styropor. Dat entschëllegt net, dass hei eng Firma eppes anescht verkaf huet, wéi dat wat se op der Verpackung versprach huet. Et sollt eis awer net nëmmen iwwert den Englänner hir Iessgewunnechten ze denke ginn.