Déi lescht Wochen hunn ech vill musse raumen, e ganzt Haus dat voller Erënnerunge stécht, Erënnerungen u schéi Momenter aus der Kanner- a Jugendzäit. Erënnerungen, déi frou an awer och traureg maachen, déi hin an hier rappen tëscht Nostalgie a Realismus.

Nieft den Erënnerungen un Erliefnesser, kommen awer och déi u Mënschen, déi laang net méi do sinn- déi eng huet ee perséinlech kannt, déi aner nëmmen aus Erzielungen, et wosst ee vun hinen an hire Schicksaler. „ Schenk hinnen e Liewen, looss se net an der Vergaangenheet zeréck, schreif hinnen eng Geschicht", huet e gudde Frënd mer viru kuerzem geroden, wéi ech ëm dovunner erzielt hunn.

Un ee vun dëse Mënschen, dee scho laang a vill ze jonk gestuerwen ass, muss ech déi lescht Deeg besonnesch vill denken. Hie war e bëssi méi al wéi ech, deen eelsten aus der Famill. Dat eelste vun den 11 Enkelkanner vu menge Grousselteren. Hien huet mech alt versuergt als klenge Butz, wa mer bei Bomi a Bopi op Besuch waren. Mir hunn der zesumme gestiicht, wa mer do an der Vakanz waren. Op de Familljefester hu mer zesumme gefeiert a gelaacht. Als Jonker si mer och alt zesummen erausgaangen, dono hu mer eis fir dëst oder dat Evenement géigesäiteg invitéiert, natierlech mat eise jeeweilege Partner. Besonnesch flott a lëschteg waren dës Owenter, well hien derbäi war. Hien hat e flotten Humor, huet gär Witzer gemaach, hie war engagéiert, selbstbewosst, hëllefsbereet a bei jidderengem ob Bomi oder Bop, Tatta oder Monni, ob Jonk oder Al beléift. Einfach e super Kärel. Säi fréien Doud huet eis ganz Famill op d'Kopp geheit.

Bis haut ass hien net vergiess, bis haut gëtt vun him geschwat, wa mer an der Famill zesumme sinn. En ass iergendwéi ëmmer nach do, sou wéi en ëmmer do war, wa mer gefeiert hunn bei Kanddaf oder Hochzäit.

Just seng konnte mer ni feieren an et wier bestëmmt eng Super-Party ginn!

Hie war homosexuell. Mä ass dat wichteg? Virun allem war hien eise Cousin!

Vläicht ass déi aktuell Debatt iwwer Mariage an Adoptioun vun Homosexuellen dat richtegt Thema fir eng Geschicht, mat deem ech mengem Cousin e Liewe schenke kann.

Op alle Fall kritt se dann en Happy-End!

Apropos "Erënnerungen"